BundesligaDortmund bleift u Bayern drun

RTL Lëtzebuerg
Déi Schwaarz-Giel gewanne kloer mat 6:0 géint Wolfsburg a si weiderhin ee Punkt hannert dem FC Bayern.
© AFP

Am eenzege Match um Sonndeg gewënnt Borussia Dortmund 6:0 géint de Vfl Wolfsburg.

Den Adeyemi huet mat der éischter gudder Chance direkt fir déi Schwaarz-Giel markéiert. Wolfsburg huet mat enger Duebelchance reagéiert, déi awer ouni Succès blouf. Kuerz drop konnt den Haller zum 2:0 erasetzen an de Malen huet virun der Paus op 3:0 erhéicht. Wolfsburg hat der grousser Effizienz vum BVB näischt entgéintzesetzen.

No der Paus huet Dortmund net labber gelooss a mat zwee séiere Goler fir kloer Verhältnisser gesuergt a Wolfsburg net méi an de Match komme gelooss. De BVB krut uschléissend nach en Eelefmeter zougesprach, deen den Adeyemi, de Mann vum Dag, awer verschoss huet. Wolfsburg huet sech awer net opginn a sech vereenzelt Chancen erausgespillt. Och de Wolfsburger Golkipp Casteels huet an dëser Phas vum Match weider Goler fir Dortmund verhënnert.

Wéi sech jidderee mam Resultat vu 5:0 offonnt hat, huet den Jude Bellingham nach säin zweet Gol am Match geschoss an domat war d’hallef Dose voll. Dortmund bleift mat dësem Resultat u Bayern München drun an huet weiderhin ee Punkt Réckstand op den däitsche Rekordmeeschter.

D’Statistike vun de Matcher

Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.

D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.

D’Tabell vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO