
Mam BBC Gréngewald an dem T71 Diddeleng si jo zwou Lëtzebuerger Ekippen an der Gruppephas dobäi. D’Damme vun Diddeleng, déi am 4. Dëppe waren, kréien et am Grupp B mat Piestanske Cajky aus der Slowakei, Spar Girona aus Spuenien an InvestIn The West Enea Gorzow aus Polen ze dinn.
D’Dammen aus dem Gréngewald, déi am Dëppen 3 waren, mussen am Grupp H géint Tango Bourges Basket aus Frankräich, KP TANY Brno aus Tschechien an ee Qualifikant (Sportiva oder Antalya) untrieden.
