EM an IsraelGrousse Moment fir déi Lëtzebuerger Basketball-Dammen am 3x3

RTL Lëtzebuerg
No der Qualifikatioun fir d'Europameeschterschaft an Israel kréien Nadia Mossong a Co. et en Dënschdeg zu Jerusalem mat Holland a Spuenien ze dinn.
Vu lénks no riets: Cathy Schmit, Nadia Mossong, Bridget Yoerger a Lisa Jablonowski.
Vu lénks no riets: Cathy Schmit, Nadia Mossong, Bridget Yoerger a Lisa Jablonowski.
© Archivbild vun de Spiller vun de klenge Länner

Et gouf sech elo bei de Lëtzebuergerinnen ee Mount intensiv virbereet. Et war eng gutt Virbereedung. Et huet een och nach e Schratt no vir gemaach, ob dat awer géint déi schwéier Géigner duergeet, muss een da gesinn, sot d’Nadia Mossong am RTL-Interview.

D’Nadia Mossong

D’Spuenierinnen hu virun zwee Joer de Europe-Cup gewonnen. A géint déi gouf et am éischte Match dann och eng 10:21-Néierlag fir d’Lëtzebuergerinnen.

D’Hollännerinne si Vize-Europameeschter. Fir d’FLBB-Damme Mossong, Schmit, Jablonowski a Yoerger ass et awer egal wéi elo schonn historesch, fir bei der Endphas vun enger Europameeschterschaft dobäi ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO