
An der éischter Partie vun de Véierelsfinalle konnt sech Serbien kloer mat 87:68 géint Litauen duerchsetzen an d’Amerikaner hunn den Italiener beim 100:63 keng Chance gelooss.
Däitschland géint Lettland war eng ganz knapp Geschicht. Just zwee Punkte hunn um Schluss d’Differenz gemaach, wéi eis Nopere sech mat 81:79 duerchgesat hunn. Kanada konnt sech an der leschter Véierelsfinall 100:89 géint Slowenien behaapten.
E Freideg sinn dann déi zwou Halleffinallen. Als éischt trëfft Serbien op Kanada an dono kréien et d’USA mat Däitschland ze dinn.