
De Match gouf zu Kassel an Däitschland gespillt, also op neutralem Buedem an ouni Supporter.
Den éischten Zwee-Goler-Virsprong konnt d'Ekipp aus der Schwäiz verbuchen, esou dass et no ronn 8 Minutte 5:3 zu Gonschte vu Pfadi Winterthur stoung. Virun allem de Marvin Lier war an der Ufanksphas ee wichtege Spiller fir d'Schwäizer, hie konnt beim Score vun 8:7 aus hirer Sicht ewell 4 Goler bäisteieren.
Beim Stand vun 11:10 fir d'Schwäizer koum bei den Escher allerdéngs eng méi schwaach Phas, a sou konnten d'Männer vu Pfadi Winterthur op 5 Goler dovun zéien. Bis d'Paus koumen d'Lëtzebuerger nach eng Kéier an de Match, ma beim Score vun 13:16 hate si virun den zweeten 30 Minutten eng 3-Punkten-Differenz opzehuelen.
Nom Säitewiessel hunn d'Männer aus der Schwäiz hir Avance konstant verdeedegt. Esch hat virun allem offensiv ëmmer erëm Problemer, fir de Shamir am Gol vu Pfadi z'iwwerwannen. Soumat war no gutt 10 Minutten an der zweeter Hallschent eng kleng Virentscheedung gefall. D'Ekipp vu Pfadi hat hei ewell 6 Goler Avance, dëst beim Score vun 23:17.
Trotz ënnert anerem 8 Goler vum Martin Petiot hat sech den HB Esch um Enn mat 30:33 géint Pfadi Winterthur misse geschloe ginn a scheet soumat an der éischter Qualifikatiounsronn vun der EHF European League aus.