
Wéi steet et ëm déi medezinesch Versuergung vu Kanner am Centre Hospitalier du Nord? Déi Fro gouf rezent e puer Mol un eis erugedroen. Ënnert anerem well eng Mamm an hiert Kand no engem Autosaccident getrennt goufen, wärend d'Fra op Ettelbréck an d'Spidol koum, gouf hire Jong nämlech an d'Kannerklinik an de CHL bruecht. Beim CHdN verweist een dorobber, datt et generell Prozedure gëtt an datt een déi pediatresch Offer virun enger Zäit ausgebaut huet.
Zanter dem 1. Februar 2024 gëtt et am CHdN eng sougenannt Pédiatrie de proximité, dat 7 Deeg op 7 vun 8 Auer moies bis 20 Auer owes. Hei ginn all Kanner opgeholl, déi eng liicht oder mëttelschwéier Urgence hunn. Dat heescht zum Beispill, wann ee Kand zanter engem Dag Féiwer huet, awer allgemeng nach an engem gudden Zoustand ass oder ëmgeknéckst ass an ufänkt mat hippen. Bei méi schwéieren Urgencen ass par contre direkt d'Kannerklinik vum CHL zoustänneg. Vun enger schwéierer Urgence schwätzt een automatesch, wann eng Ambulanz geruff gouf, den Dr. Laurent Kintzelé, Coordinateur médical général vum CHdN, erkläert firwat.
"Et ass och fir déi Leit op der Plaz an och déi Leit vum CGDIS net sou einfach ëmmer anzeschätzen, wéi grav de Fall vun engem Kand lo ass, do brauch ee wierklech eng speziell Expertis. An do hu mer déi eng oder aner Kéier och d'Erfarung gemaach, datt wierklech ee Kand, dat dono an engem méi graven Zoustand ass wéi ufanks geduecht awer mat enger Ambulanz bei eis op de CHdN komm ass, wou mer dat dann hu musse weider an den CHL transferéieren."
Do géing Zäit verluer goen, wat am schlëmmste Fall zu eng Perte de chance fir d'Kand féiere kéint. Den Dr. Kintzelé erënnert an deem Kader dann awer och nach eng Kéier dorunner, datt een eng Ambulanz nëmme ruffe soll, wann och wierklech eng schwéier Verletzung virläit.

Wat d'Zuel vu Kanner ugeet, déi an de CHdN bruecht an do behandelt ginn, sou wier déi no enger relativ kuerzer Zäit schonn op engem zimmlech héijen Niveau.
"2025 hate mer lo 9.700 Kanner am Joer, dat sinn der sou 25 bis 30 den Dag, dat ass wierklech awer eng schéin Aktivitéit. An do hu mer lo keng genau Wäerter, mee aus Erfarung, ech hunn nach eng Kéier mat eise Kannerdoktere geschwat, zirka 5 Prozent dovunner musse weider an de CHL geschéckt ginn."
95 Prozent vun de Kanner géingen also zu Ettelbréck traitéiert ginn an d'Réckmeldunge wiere generell ganz positiv, et géing een dowéinst net plangen, eppes un der Offer ze änneren. Dat och, well d'Kannerdokteren, déi vun 8 Auer moies bis 20 Auer owes an der Pédiatrie de proximité schaffen, och nach aner Aufgaben hunn.
"Gläichzäiteg hunn déi awer de selwechten Dag 24 Stonne Garde an der Maternité, dat heescht, wann do eng Urgence bei engem Puppelchen ass, deen op d'Welt kënnt, da sinn déi direkt sur place an huelen deen en charge. A mir denken, datt dat wierklech eng Charge ass, déi ausräichend ass fir de Kannerdokter, deen dat och nach nuets maachen ze loossen, schätze mer an, datt dat e bëssi vill wier."
Mat Bléck op d'Waardezäite wieren déi net iwwerméisseg laang. Et géing ee generell probéieren, Kanner vir ze huelen, mee et géing natierlech och gekuckt ginn, wéi schwéier de medezinesche Problem ass. Wann et awer mol méi laang dauert, ass ee System en place, bei deem d'Eltere per SMS informéiert ginn, datt den Tour un hirem Kand ass. An der Tëschenzäit kann ee mam Kand also och an d'Cafeteria oder virun d'Dier goen, fir d'Zäit e bëssi besser ëmzekréien.
A wat de Fall vun der Mamm an dem Kand ugeet, déi nom Accident getrennt goufen, do ass et sou, datt een Erwuessenen ëmmer an déi Klinik bruecht gëtt, déi am nooste bäi ass, ausser et ass vun Ufank u kloer, datt déi net ekipéiert ass, fir d'Blessuren ze behandelen.