Futtball InternationalHertha dréint Match am Berlin Derby, Marseille wënnt zu Nîmes

RTL Lëtzebuerg
An der Bundesliga war et de Stadderby aus der Haaptstad an a Frankräich kruten zwee Olympiquen et mateneen ze dinn.
© AFP Odd ANDERSEN

Hertha BSC Berlin - 1. FC Union Berlin 3:1

D’Unioun war besser an de Match gestart a war no 20 Minutten duerch den Awoniyi a Féierung gaangen, dee sech no enger Pass an d’Déift vum Ingvartsen géint 2 Leit konnt behaapten an och de Golkipp iwwerwanne konnt. E grouss Réckschlag fir d’Gäscht gouf et dunn 3 Minutte méi spéit. Mat engem ganz héije Been trëfft den Andrich den Toussart um Kapp. Fir sécher ze goen, huet den Arbitter sech de VAR ugekuckt an den Uniouner dono an d’Dusch geschéckt.

D’Hertha huet e bësse gebraucht, fir vun der Iwwerzuel ze profitéieren, ma no 51 Minutte konnt de Pekarik eng schlecht Ofwier vum Luthe notzen an ausgläichen. Ëm déi 75. Minutt koumen dunn d’Momenter vum Piatek. Als éischt trëfft hien aus 12 Meter Distanz aus der Dréiung de Gol, de Ball gouf nach vun engem Defenseur ofgefälscht an huet esou dem Luthe keng Chance gelooss. A kuerz dono hëlt hie schonn e geblockte Ball Volley a verwandelt och dëse Schoss aus ronn 15 Meter. Bis zum Schluss sollte keng Goler méi falen, et ass beim 3:1 fir d’Hertha bliwwen.

Olympique Nîmes - Olympique Marseille 0:2

Et war e Match mat wéineg groussen Héichpunkten, ma Marseille hat der awer méi, wéi d’Heemekipp. Gléck haten d’Gäscht awer an der 17. Minutt, wéi de Eliasson just d’Lat getraff huet. E bëssen Hektik gouf et virun der Paus, mam Resultat, datt den Trainer vu Marseille Andre Villas-Boas déi lescht 5 Minutte vun der 1. an déi ganz 2. Hallschent huet dierfte vun der Tribün aus kucken. Do huet hie seng eegen Ekipp gesinn, déi sech däitlech manner Chancen erausgespillt huet, wéi déi éischt Hallschent, awer och de Gol vum Benedetto, deen dësen an der 57. Minutt markéiere konnt. Den Alvaro hat hie mat enger Pass an d’Déift schéi fräigespillt an de Stiermer huet just de Golkipp nach missten iwwerwannen. D’Situatioun gouf fir Nîmes vun der 74. Minutt un net méi einfach. Hei krut de Cubas eng giel Kaart, well hien e Coup mam Ielebou ausgedeelt huet an dräi Minutte méi spéit gouf et déi giel-rout Kaart, well hien engem Spiller de Fouss gestallt hat. Vun der Iwwerzuel huet de Germain an der 84. Minutt profitéiert, bei der Flank vum Sanson nämlech stoung hie komplett eleng am Strofraum a konnt ouni Problemer op 2:0 erhéijen.

D’Tabellen am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO