
Un der Tabellespëtzt huet sech um Ecart tëscht Diddeleng an Hesper näischt gedoen, well béid Ekippen hir Matcher gewonnen hunn.
Diddeleng gewënnt 5:1 géint Monnerech, an dat no engem 0:1-Réckstand. Monnerech war no engem ëmstriddenen Eelefmeter a Féierung gaangen, mee d’Lokalekipp konnt nach virun der Paus, och duerch en Eelefmeter, ausgläichen. No der Paus stounge béid Ekippe stabil, bis et nees Eelefmeter fir den F91 gouf, deen dës Kéier de Sinani verwandelt huet. E puer Minutte méi spéit war et nees de Sinani, deen Diddeleng op d’Gewënnerstrooss bruecht huet. An de leschte Spillminutte sollt den F91 nach zwee Goler noleeën.
Hesper huet sech beim Auswäertsmatch zu Käerjeng keng Bléisst ginn a sech kloer mat 6:0 duerchgesat. D’Mass war quasi schonn zur Paus gelies, well de Swift an der éischter Hallschent scho véier Goler markéiere konnt. Mann vum Match op Hesper Säit war de Rayan Philippe, deen no engem Eegegol vum Käerjenger Mura säi véierte Gol am Match geschoss huet. De Swift behält domat sechs Punkten Avance op Diddeleng, Käerjeng bleift 14. a steet nach ëmmer op enger Barrageplaz.
Am Escher Derby geet d’Victoire un d’Jeunesse, déi sech mat 3:1 géint d’Fola duerchsetzt. Op der Escher Grenz virun 1.070 Spectateure sollt d’Jeunesse mat zwee séiere Goler d’Weiche fir d’Victoire stellen, wat no engem Eegegol vum Fola-Spiller Tawaba nach besser ausgesinn huet. Nom Säitewiessel huet d’Fola duerch en direkte Fräistouss e bëssen iwwerraschend den Uschlossgol markéiert. D’Fola hat zum Enn vum Match hin d’Kontroll iwwerholl, konnt awer keng weider decisiv Akzenter setzen.
Um Samschdeg hate Rouspert a Munneref 1:1 gedeelt an Déifferdeng hat sech mat 2:1 zu Wolz duerchgesat.
Diddeleng - Monnerech 5:1
0:1 Senakuku Mukelepu (30', Eelefmeter), 1:1 Hadji (42', Eelefmeter), 2:1 Sinani (69', Eelefmeter), 3:1 Sinani (77'), 4:1 Bojic (84'), 5:1 Agovic (90'+2)
Käerjeng - Hesper 0:6
0:1 Philippe (8'), 0:2 Philippe (13'), 0:3 Stolz (38'), 0:4 Philippe (45'+1), 0:5 Mura (68', Eegegol), 0:6 Philippe (83')
Jeunesse - Fola 3:1
1:0 Arénate (14'), 2:0 Seck (17'), 3:0 (Tawaba (28', Eegegol), 3:1 Jeridi (53')
Nidderkuer - Ettelbréck 3:1
1:0 Hend (16', Eelefmeter), 1:1 Curic (51'), 2:1 De Almeida (64'), 3:1 Peugnet (86')
Hueschtert - Péiteng 0:2
0:1 Tekiela (19'), 0:2 Abreu (25')
Racing - Stroossen 0:1
0:1 Mastrangelo (71')