BGL LigueHesper setzt sech d'Meeschterkroun op

RTL Lëtzebuerg
Duerch eng Victoire beim FC Wolz an enger gläichzäiteger Néierlag vun Diddeleng zu Rouspert konnt de Swift Hesper säin éischte Meeschtertitel feieren.

Hesper gewënnt 6:0 zu Wolz a kréint sech domat zum Champion vun der Saison 2022/23. De Swift hat vun Ufank u Gas ginn a mat zwee séiere Goler fréi d’Weiche fir eng Victoire gestallt. Bis zur Paus huet d’Ekipp vum Holleschbierg op 3:0 erhéicht, well Wolz eng desolat Leeschtung an den éischte 45 Minutte gewisen huet.

Nom Säitewiessel huet Hesper séier Neel mat Käpp gemaach a bis zur 52. Minutt de Score op 5:0 eropgeschrauft an de Malget huet an der 64. Minutt fir de Schlusspunkt gesuergt. Domat war de Match gelaf an déi lescht Minutten hu béid Ekippe net méi vill no vir gespillt.

Well Diddeleng gläichzäiteg 1:2 zu Rouspert verléiert, ass Hesper den neie Champion. Fir de Swift ass et den éischte Meeschtertitel iwwerhaapt an deen zweete grousse Succès nom Coupe-Gewënn am Joer 1990.

Hesper setzt sech d'Meeschterkroun op
De Swift gewënnt kloer 6:0 zu Wolz a feiert den éischte Championstitel a senger Geschicht.

Den F91 Diddeleng hat et selwer an der Hand, d’Entscheedung am Championnat op den nächste Spilldag ze verréckelen, an et hat och gutt ugefaangen. No enger duerchwuessener éischter Hallschent ouni Goler war den F91 a Féierung gaangen, déi Rouspert no engem Fräistouss awer egaliséiere konnt - de Joubert hat am Diddelenger Gol dobäi net gutt ausgesinn. An de leschten zéng Minutten huet Rouspert den 2:1 geschoss an domat war d’Decisioun am Championnat gefall.

Am Tabellekeller bleift et déi lescht zwee Spilldeeg spannend. De 15. Fola an de Leschten Hueschtert trennen zwar siwe Punkten, mee déi Escher kënnen nach ëmmer op eng Barrageplaz falen.

Am direkten Duell hu sech Käerjeng a Monnerech 2:2 getrennt, wat kenger vu béiden Ekippen am Ofstigskampf wierklech weiderhëlleft.

Käerjeng a Monnerech deelen 2:2
Fir béid Ekippe war et e wichtege Match am Kampf géint den Ofstig.

E Samschdeg hat Nidderkuer den Derby géint Déifferdeng mat 2:0 gewonnen an e Freideg war d’Jeunesse Esch der US Munneref mat 0:2 ënnerleeën.

An der Éierepromotioun steet dann och fest, dass Schëffleng déi nächst Saison an der héchster lëtzebuergescher Liga spille wäert. Déi Schëfflenger konnten e Sonndeg 3:1 géint Beetebuerg gewannen an domat den Opstig fréizäiteg perfekt maachen. Och Miersch steet kuerz virum Opstig bei nach zwee verbleiwende Spilldeeg.

D’Resultater am Iwwerbléck (Replay an Ticker)

Wolz - Hesper 0:6
0:1 Philippe (23'), 0:2 Couturier (25'), 0:3 Stolz (33'), 0:4 Philippe (48'), 0:5 Stolz (52', Eelefmeter), 0:6 Malget (64')

Rouspert - Diddeleng 2:1
0:1 Magno (49'), 1:1 Feltes (58'), van Lingen (83')

Käerjeng - Monnerech 2:2
0:1 Soares Rosa (44'), 0:2 Senakuku Mukelepu (51'), 1:2 Lopes (52'), 2:2 Da Silva (60', Eegegol)

Hueschtert - Fola 0:1
0:1 El Alami (13')

Stroossen - Péiteng 0:3
0:1 Tekiela (22'), 0:2 Vitris (27'), 0:3 Abreu (44', Eelefmeter)

Racing - Ettelbréck 2:2
1:0 N’Goma (16'), 1:1 Da Mota (29'), 1:2 Ferreira Figueiredo (72'), 2:2 Nakache (76')

D’Tabell

Back to Top
CIM LOGO