
Werder Bremen - VfB Stuttgart 1:2
0:1 Wamangituka (30'), 1:1 Wamangituka (90+1'), 2:1 Selke (90+3')
An engem ausgeglachene Match ass Bremen wuel besser an de Match komm, ma Stuttgart hat awer déi besser Chancë virum Gol. No engem Foulspill vum Chong um Coulibaly krut de VfB an der 30. Minutt een Eelefmeter zougesprach, deen de Wamangituka ouni Problemer an de Filet gesat huet. Sou kann een d’Féierung an der Paus och als net onverdéngt notéieren.
Nom Téi hu béid Ekippe sech näischt geschenkt a sech alles ofverlaangt. An de leschte Minutten ass et nach eng Kéier hektesch ginn. No engem Feeler vum Toprak huet de Wamangituka säin 2 Gol geschoss. Bis op den Uschlossgol vum Selke konnt Bremen awer näischt méi um Resultat änneren, sou dass d’Bremer mat 1:2 doheem verléieren.
Schalke 04 - Bayer Leverkusen 0:3
0:1 Thiaw (Selbstgol, 10'), 0:2 Baumgartlinger (67'), 0:3 Schick (78')
Negativ Bilanz vu Schalke 04 hält och um 10. Spilldag un. An der 10. Minutt huet den Thiaw no engem Corner onglécklech de Ball an den eegene Gol befërdert. Dono war Leverkusen kloer besser an hat duerch Bailey a Schick weider gutt Chancen. No der Paus haten déi Kinneksblo wuel Raim fir ze konteren, richteg notze konnt Schalke déi awer net. Op der Géigesäit huet de Baumgartliner mam 2:0 fir d’Virentscheedung gesuergt. Zu allem Iwwerfloss huet de Skrzybski an der 71. Minutt och nach een Eelefmeter verschoss. De Schick huet den Deckel an der 78. Minutt mat 3:0 drop gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Sheffield United - Leicester City 1:2
0:1 Perez (24'), 1:1 McBurnie (26'), 1:2 Vardy (90+1')
Ganz laang huet et zu Sheffield no enge 1:1-Remis ausgesinn. An der 1. Minutt vun der Nospillzäit huet dunn awer den Jammy Vardy den erléisende Gol fir d’Gäscht markéiert. Domat bäisst sech Leicester no 11 Spilldeeg an der Spëtzegrupp vun der Premier League fest.
Tottenham Hotspur - Arsenal London 2:0
1:0 Son (13'), 2:0 Kane (45+1')
Tottenham huet eng immens effikass 1. Hallschent gespillt. D’Ekipp vum José Mourinho huet virun allem duerch Kontere sech gutt Chancen erausgespillt. An der 13. Minutt huet de Kane de Son an de Laf geschéckt an de Son huet de Ball aus ronn 20 Meter herrlech an de laangen Eck deviéiert. Kuerz virun der Paus dat nämmlecht Bild. Arsenal vedaddelt de Ball an dës Kéier war et de Son, deen de Kane geschéckt huet an de Stiermer vun de Spurs huet de Ball an de Filet gehummert, sou dass et an der Paus 2:0 stoung.
Och an der 2. Hallschent war Arsenal déi Ekipp déi d’Spill ënner Kontroll hat, mee Goler sollten d’Gunners um Sonndeg Owend net méi schéissen. Bis op eng Chance vum Lacazette an der 68. Minutt si si awer net geféierlech virum Loris opgedaucht. Tottenham bleift no der Victoire am North London Derby domat un der Tabellespëtzt.
FC Liverpool - Wolverhampton Wanderers 4:0
1:0 Salah (24'), 2:0 Wijnaldum (58'), 3:0 Matip (67'), 4:0 Semedo (Selbstgol, 78')
Den FC Liverpool huet géint frech Wolverhampton Wanderers ee Feeler vum Géigner gebraucht, fir an de Match ze kommen, ass duerno souverän bliwwen an ass mat der 4:0-Victoire am 65. Match virun den eegene Spectateuren ongeschloe bliwwen.
Ee Feeler vum Wolves-Kapitän Coady huet den englesche Champion, dee bis dohinner net ganz vill gewisen hat, an de Match bruecht. Den engleschen Nationalspiller hat an der 24. Minutt de Ball net richteg ënner Kontroll kritt, de Salah huet blëtzschnell reagéiert a Liverpool mat 1:0 a Féierung bruecht. No der Paus hunn de Wijnaldum (58') an de Matip (67') duerch d’Goler zwee an dräi fir d’Virentscheedung gesuergt. D’Gäscht waren um Enn selwer fir d’Schlussresultat responsabel. E Selbstgol vum Semedo huet d'4:0-Victoire vu Liverpool kloer gemaach.
D’Ekipp vum Klopp konnt no néng Méint nees eng Kéier viru Spectateure feieren. 2.000 Persoune goufen e Sonndeg an de Stadion eragelooss.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
AS Rom - Sassuolo Calcio 0:0
No 40 Minutten huet de Reimer Pedro no engem taktesche Foul déi Giel-Rout Kaart gesinn. Ganz hektesch gouf et kuerz virun der Hallschent, wou e Gol vun der Lokalekipp nom VAR net gezielt huet. Dëst huet den Trainer vun der Roma Paulo Fonseca esou opgereegt, dass hien sech laut dem Onparteieschen ze haart beschwéiert huet, wouropshin den Arbitter dem Trainer vum AS Roum déi Rout Kaart gewisen huet. Aus sportlecher Siicht war Roum wuel déi besser Ekipp, bis op e Potto Schoss vum Dzeko ass awer net vill derbäi eraus koum. Vun Sassuolo koum alles an allem ze wéineg, sou dass dëse Spëtzematch mat 0:0 op e Enn geet.
Sampdoria Genua - AC Mailand 1:2
0:1 Kessie (Eelefmeter, 45'), 0:2 Castillejo (76'), 1:2 Ekdal (83')
De Leader am italienesche Championnat AC Mailand huet fir de Kont vum 10. Spilldag duerch e spéide Gol vum Ekdal mat 2:1 bei Sampdoria Genua gewonnen. An der Tabell läit een domadder weiderhi 5 Punkte virun Inter Mailand a 6 Punkte virum SSC Neapel.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
OSC Lille - AS Monaco 2:1
1:0 David (53'), 2:0 Yazici (65'), 2:1 Pellegri (90')
Béid Ekippe wollten hier gutt Form aus deene leschte Wochen och um Sonndeg confirméieren. An engem intensive Match huet sech d’Lokalekipp no Goler vum Kanadier Jonathan David an dem Tierk Yusuf Yazici duerchsetzen. Fir Monaco ass et no 4 Victoiren um Stéck déi éischten Néierlag säit Enn Oktober. Lille steet elo op der 2. Plaz an der Tabell.
FC Metz - Olympique Lyon 1:3
0:1 Depay (17'), 0:2 Ekambi (47'), 0:3 Ekambi (60'), 1:3 Boulaya (76')
De Resumé vum Match fannt Dir bei de Kolleege vum 5minutes.