Futtball-EM 2024Hollännesche Kader - Frenkie de Jong muss kuerzfristeg ersat ginn

RTL Lëtzebuerg
Kuerz virun der EM koum d'Nouvelle, dass d'Hollänner op de Frenkie de Jong an den Teun Koopmeiners verzichte mussen.
© AFP

Ënnert anerem dowéinst gouf de Ian Maatsen vu Borussia Dortmund nonominéiert. Allgemeng huet den Nationaltrainer Ronald Koeman ee gudde Kader, mat deem e schaffe kann. Virun allem an der Defense sinn d’Hollänner gutt opgestallt. Am Spill no vir dierft et virun allem séier iwwer d’Säite goen.

De Kader am Iwwerbléck

Gol: Bart Verbruggen (Brighton), Justin Bijlow (Feyenoord), Mark Flekken (Brentford)

Defense: Matthijs de Ligt (FC Bayern), Nathan Aké (Manchester City), Micky van de Ven (Tottenham), Virgil van Dijk (FC Liverpool), Stefan de Vrij (Inter Mailand), Daley Blind (FC Girona), Lutsharel Geertruida (Feyenoord), Jeremie Frimpong (Bayer Leverkusen), Denzel Dumfries (Inter Mailand), Ian Maatsen (FC Chelsea/Borussia Dortmund)

Mëttelfeld: Jerdy Schouten (PSV Eindhoven), Ryan Gravenberch (FC Liverpool), Joey Veerman (PSV Eindhoven), Tijjani Reijnders (AC Mailand), Georginio Wijnaldum (Al-Ettifaq)

Stuerm: Xavi Simons (RB Leipzig), Steven Bergwijn (Ajax Amsterdam), Cody Gakpo (FC Liverpool), Donyell Malen (Borussia Dortmund), Brian Brobbey (Ajax Amsterdam), Memphis Depay (Atlético Madrid), Wout Weghorst (TSG Hoffenheim), Joshua Zirkzee (FC Bologna)

Back to Top
CIM LOGO