Tennis - Masters 1000 zu RoumIwwerraschend Aus fir Rafael Nadal an der Véierelsfinall

RTL Lëtzebuerg
De grousse Favorit Rafael Nadal verléiert an der Ronn vun deene leschten 8, an 2 Sätz, 2:6 a 5:7 géint den Argentinier Diego Schwartzmann.
© AFP

An enger Woch fänkt de Grand Slam zu Roland Garros un, bei deem de Spuenier jo mat 12 Titelen am Simple Rekordchampion ass. Bei de US Open war de Spuenier net ugetrueden.

Iwwerdeems huet sech och de Matteo Berettini iwwerraschend dem Norweger Casper Ruud misse geschloe ginn. Weider hunn et och nach de Kanadier Denis Shapovalov an de Serb Novak Djokovic an d'Halleffinall gepackt.

Back to Top
CIM LOGO