Internationale FuttballIwwerraschend Néierlag fir Manchester United géint Everton

RTL Lëtzebuerg
Chelsea iwwerrennt Southampton mat 6:0, Arsenal London verléiert zu Brighton an Atlético Madrid zitt géint Mallorca de Kierzeren.
© AFP

An der Bundesliga konnt Union Berlin de Stadderby géint Hertha Berlin mat 4:1 fir sech entscheeden a Bayern München klappt Augsburg knapps mat 1:0.

Premier League

Everton - Manchester United 1:0
1:0 Gordon (27.’)

An der Lutte ëm de Maintien an der Premier League ass Everton géint Manchester United eng wichteg Victoire gelongen. An der Ufanksphas konnt Everton sech spilleresch net wierklech duerchsetzen a Manchester United war bestëmmend, mee an der 27. Minutt huet sech de Gordon en Häerz gefaasst, huet aus 20 Meter ofgezunn, de Maguire huet de Schoss nach ofgefälscht sou datt de Ball am Gol gelant ass. Dono hu sech d’Gäscht schwéier gedoen an haten net vill gutt Golchancen. Duerch dës Néierlag bleift ManUnited op der 7. Plaz a verléiert d’Champions League ëmmer méi aus den Aen.

Arsenal London - Brighton 1:2
0:1 Trossard (28.’), 0:2 Mwepu (67.’), 1:2 Ödegaard (89.’)

Mat 1:2 muss sech Arsenal doheem iwwerraschend géint Brighton geschloe ginn. Iwwert de ganze Match gekuckt war Arsenal zwar déi spillbestëmmend Ekipp, mee réischt ze spéit hu se e Wee duerch d’Defense vu Brighton fonnt. Méi wéi den Uschlossgol sollt dann och net méi dobäi eraussprangen, och wa se an de leschte Minutten nach eng Kéier alles no vir gehäit hunn.

Southampton - Chelsea London 0:6
0:1 Marcos Alonso (8.’), 0:2 Mount (16.’), 0:3 Werner (21.’), 0:4 Havertz (31.’), 0:5 Werner (49.’), 0:6 Mount (54.’)

Mat enger entfesselter Leeschtung huet Chelsea Southampton net mol usazweis eng Chance gelooss. Schonn no 31 Minutten louchen d’Blues mat 4:0 a Féierung, si mat deem Resultat an d’Paus gaangen an domadder war d’Heemekipp nach gutt bedéngt. An den zweete 45 Minutt huet Chelsea genau esou weider gemaach, hu séier op 6:0 erhéicht, hunn dono Tempo eraus geholl, sou datt net méi vill Intensitéit am Match war.

Aston Villa - Tottenham Hotspur 0:4
0:1 Son (3.’), 0:2 Kulusevski (50.’), 0:3 Son (66.’), 0:4 Son (71.’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Cagliari - Juventus Turin 1:2
1:0 Joao Pedro (10.’), 1:1 De Ligt (45.’), 1:2 Vlahovic (75.’)

Net vu senger beschter Säit gewisen huet sech Juventus Turin. Géint den Aussesäiter vu Cagliari, deen an der Tabell op der 17. Plaz steet, si se an der 10. Minutt a Réckstand geroden. Dono huet sech Cagliari op d’Defense konzentréiert an huet den Turiner d’Liewe schwéier gemaach. Kuerz virun der Paus ass dem De Ligt awer nach den Ausgläich gelongen. An der 75. Minutt huet de Vlahovic eng Lück an der Defense fonnt an huet fir den 2:1 gesuergt.

Inter Mailand - Hellas Verona 2:0
1:0 Barella (22.’), 2:0 Dzeko (30.’)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Stade Reims - Rennes 2:3
0:1 Bourigeaud (39.’), 0:2 Bourigeaud (43.’), 0:3 Terrier (58.’), 1:3 Busi (60.’), 2:3 Cajuste (81.’, Eelefmeter)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Mallorca - Atlético Madrid 1:0
1:0 Muriqi (68.’, Eelefmeter)

Mat 0:1 stolpert den Tabelle-4. Atlético Madrid zu Mallorca. Fir d’Heemekipp ass dëst eng extrem wichteg Victoire fir net an déi 2. Liga erofzefalen. Mat dëser Victoire hu se sech elo op déi 17. Plaz an domadder op déi éischt Net-Ofstigsplaz no vir gekämpft.

Villarreal - Athletic Bilbao 1:1
0:1 Raul Garcia (43.’), 1:1 Pedraza (60.’)

Cadiz - Betis Sevilla 1:2
1:0 Ivan Alejo (58.’), 1:1 Tello (78.’), 1:2 Borja Iglesias (85.’, Eelefmeter)

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO