
Um Samschdeg den Owend ass den Derby tëscht Hertha Berlin an Union Berlin gespillt ginn an et ass alt nees eng Kéier de “klenge” Veräin vu Berlin, deen der Hertha e Bee ka stellen, andeems e sech mat 4:1 duerchsetzt. Schonn an der éischter Hallschent war Union déi kloer besser Ekipp an esou ass et mat 1:0 duerch e Gol vum Haraguchi an d’Paus gaangen. Kuerz nom Téi konnt d’Hertha duerch en Eegegol vum Baumgartl ausgläichen, mee just 4 Minutte méi spéit ass d’Union duerch de Prömel nees a Féierung gaangen. 2 weider Goler vum Becker a Michel hunn d’Victoire perfekt gemaach. Et ass schonn déi drëtte Kéier an dëser Saison, datt Union Berlin den Derby gewënnt. An der Tabell steet d’Hertha vu Berlin op der zweetleschter Plaz a riskéiert an déi 2. Bundesliga ze falen.
No der Néierlag an dem schwaache Match géint Villarreal an der Champions League huet Bayern München och an der éischter Hallschent géint Augsburg eng schwaach Leeschtung gewisen. Bei méi Duerchsetzungsverméigen hätt Augsburg an der Paus och kéinten a Féierung leien. Och no der Paus hu sech d’Bayern schwéier gedoen, mee an der 82. Minutt huet de Lewandowski fir d’Erléisung gesuergt, wéi en en Eelefmeter fir den 1:0 am Gol ënnerbruecht huet.
De VfL Wolfsburg hat mat Bielefeld net vill Problemer a kann um Enn mat 4:0 gewannen. Nodeems d’Hemmekipp schonn no der éischter Hallschent duerch 2 Goler vum Nmecha a Féierung louch, huet se kuerz no der Paus duerch den Arnold an de Kruse op 4:0 erhéicht an huet domadder all Bielefelder Hoffnungen am Keim erstéckt. Dono sollt net méi vill passéieren an et ass beim 4:0 bliwwen.
An enger relativ ausgeglachener éischter Hallschent tëscht Köln a Mainz waren awer d’Gäscht virum Gol déi méi geféierlech Ekipp a konnten duerch e Gol vum Burkardt net onverdéngt mat 1:0 an d’Paus goen. Nodeems den Onisiwo an der 55. Minutt op 2:0 erhéicht huet, konnt Köln awer nees zeréck an de Match fannen an huet duerch Goler vum Skhiri (60.’) a Ljubicic (78.’) op 2:2 ausgeglach. An der 82. Minutt ass et de Kölner dann tatsächlech nach gelongen, de Match ze dréinen an dat duerch e Gol vum Kilian. Soumat wënnt Köln mat 3:2 géint Mainz.
Duerch Goler vum Thuram (18.’) a Plea (24.’, Eelefmeter) konnt Gladbach souverän mat 2:0 géint den Tabelleleschte Greuther Fürth gewannen.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.