
Zanter August souz de Jeff Saibene op der Bänk vum Schwäizer Zweetligist. Aktuell steet een no 30 Matcher op der 10. a leschter Plaz an et huet ee mat 19 Punkte ganzer 12 Punkte Réckstand op eng Net-Ofstigsplaz.
Wéi Neuchâtel matdeelt, hätt de Jeff Saibene no der rezenter 2:5-Néierlag géint Aarau seng Demissioun proposéiert, fir datt neie Wand an d’Ekipp komme kéint. Dem neien Trainer bleiwen nach sechs Spilldeeg, fir Neuchâtel d’Verbleiwen an der Challenge League ze garantéieren.