D’Lëtzebuergerin konnt sech zu Venedeg iwwert eng Woch mat de weltbeschte Karatekaen aus hirer Kategorie moossen an ënner Koalitiounsbedéngungen trainéieren. Donieft notzt déi aktuell Europameeschterin d’Méiglechkeet, fir sech no hirer schwéierer Blessur um Fouss nees a Form ze bréngen. Den Tom Hoffmann war d’Jenny Warling no hirem Retour aus Italien op en Training besichen. Virum Training gehéieren d’Gesten, fir de Fouss ze tapen, mëttlerweil dozou. Am September huet sech d’Jenny Warling de Mëttelfouss gebrach an dowéinst muss virun all Training de Fouss bandagéiert ginn. Well keng Kompetitioune waren, konnt déi aktuell Europameeschterin d’Blessur gutt auskuréieren.
“Et gëtt ni de perfekte Moment fir eng Blessur, mee et ass nach glécklech gefall. Et wier méi blöd, wann et elo geschitt wier. Ech hat elo genuch Zäit, alles auszekuréieren an elo erëm mam Training unzefänken.”
Et feelen awer den Ament Kompetitiounen, fir sech optimal kënnen ze preparéieren. D’Intensitéit vun engem Combat kann een op engem Training net simuléieren. D’Chance nees Kompetitiounserfarung ze sammelen, hat Jenny Warling dowéinst an Italien, wou si och 2 Matcher gewanne konnt.
“Ech war frou, iwwerhaapt invitéiert ze ginn an et war eng Chance, fir nees bësse méi eranzekommen an och ze kucken, wéi déi aner drop sinn. D’Athletinnen, déi do waren, déi begéinen ech quasi op all Turnéier.”
Drëtt Hallschent, de Sport-Talk: Mat der Karateka Jenny Warling De Stage gouf och genotzt, fir d’Kommunikatioun mam neien Nationaltrainer ze optiméieren, well d’Konversatioune lafen de Moment nach op Englesch. Den Trainer krut vum Jenny Warling awer e puer Lëtzebuergesch Wierder mat op de Wee.
“Ech hunn him Vokabele ginn, déi wichteg sinn, dass hien déi léiert. Am Combat ass et vu Virdeel, dass hien net op Englesch coacht.”
De Raphael Veras ass op alle Fall houfreg, hei ze sinn a Lëtzebuerg ze representéieren. “Ech si frou, an esou enger flotter Ekipp ze schaffen. Ech hoffen, dass mäin Häerz fir eng laang Zäit fir dës Ekipp dierf schloen.”
Karatesektioun huet och mam Dr. Jürgen Fritzsche en neien Directeur sportif engagéiert, dee vill Erfarung huet a schonn e puer Bicher am Beräich vun der Sportwëssenschaft erausbruecht huet. Fir hie fillt et sech gutt un, en Deel vun dësem Projet ze sinn.
Ufank Juni steet e wichtege Rendez-vous fir d’Jenny Warling an der Agenda. Dann ass nämlech de Qualifikatiounstournoi fir Tokio 2021 a wann d’Europameeschterin e gudden Dag erwëscht, kéint en Ticket fir d’olympesch Spiller eraussprangen.