
Fir d’Lëtzebuergesch Karateka gouf et do um fréie Sonndegmëtteg am decisive Match eng 0:3-Defaite géint d’Lokalmatadorin Maria Stoli. Domat schléisst d’Jenny Warling de K1 Series A Tournoi zu Athen op der zweeter Plaz of a kënnt um Enn mat enger gudder Sëlwermedail zréck op Lëtzebuerg.
No hirer Sëlwermedail beim huet d’Jenny Warling e grousse Sprong an der Weltranglëscht no vir gemaach. D’Karateka verbessert sech am Kumite an der Kategorie bis 55 Kilo ëm 20 Plazen a steet elo op der Positioun 15.