Jenny Warling steet zu Athen an der Finall

De Weekend steet an der griichescher Haaptstad de K1 Series A Tournoi um Programm, wou e Sonndeg eng Lëtzebuerger Victoire méiglech ass.
D'Jenny Warling huet sech e Samschdeg eng Plaz an der Finall vum zweethéchsten Tournoi vum internationale Karateverband geséchert.
No engem Fräilous an der éischter Ronn war et am zweete Match géint d'Koreanerin Soohyun Hwang eng däitlech 12:2-Victoire ginn. Méi knapp war et duerno géint d'Suada Karimova aus dem Aserbaidschan. Och hei konnt sech déi 25 Joer al Karateka aus Lëtzebuerg awer mat 8:6 behaapten. No enger weiderer 6:5-Victoire am véierten Tour géint d'Kroatin Alessandra Hasani ass et an de leschte Match vum Dag gaangen. An der Halleffinall stoung hei d'Rezzan Zumra aus der Tierkei géigeniwwer, géint dat sech d'Jenny Warling mat 2:0 duerchsetze konnt an domat e Sonndeg an der Finall untrëtt.