FuttballJoachim Löw bleift weiderhin däitschen Nationaltrainer

RTL Lëtzebuerg
De 60 Joer alen Trainer genéisst weiderhin d'Vertraue vum DFB-Präsidium, wéi déi Däitsch Futtballfederatioun matgedeelt huet.
© AFP (Archiv)

De Joachim Löw bleift Trainer vun der däitscher Futtballnationalekipp, dat huet den DFB e Méindeg matgedeelt. Déi däitsch Futtballfederatioun huet och weiderhinn d’Vertrauen an de Weltmeeschtertrainer vun 2014 a geet mat him an d’Joer vun der Europameeschterschaft.

De Löw war jo an der Lescht ferm an d’Kritik geroden. An der Nations League gouf et virun 2 Wochen déi riseg Blamage beim 0:6 géint Spuenien.

No Gespréicher zu Frankfurt/Main war ee sech elo emol op d’mannst eens, datt ee mam Löw zesummen an d’Joer 2021 géing goen.

Back to Top
CIM LOGO