Schwamm-EM zu BelgradJoâo Carneiro a Finn Kemp iwwer 200m Brasse op de Plaze 14 a 15

RTL Lëtzebuerg
Déi zwee Lëtzebuerger hate sech e Mëttwoch de Moie fir d'Halleffinalle qualifizéiert.
© FLNS

Op der Schwamm-Europameeschterschaft zu Belgrad a Serbien stoungen e Mëttwoch den Owend zwee Lëtzebuerger iwwer 200 Meter Brasse an den Halleffinallen. De João Carneiro huet sech um Enn als 14. ënnert 16 Schwëmmer klasséiert. Fir hien ass de Chrono no 2 Minutten, 15 Sekonnen an 23 Honnertstel stoe bliwwen, domadder ass hien iwwer 1,5 Sekonnen ënnert senger Beschtzäit aus de Virleef bliwwen. De Finn Kemp kënnt op déi 15. Plaz, dat mat enger Zäit vun 2 Minutten, 16 Sekonnen an 62 Honnertstel. Dat ass eng liicht Verbesserung géintiwwer de Virleef.

Halleffinallen

Op der Europameeschterschaft am Schwammen, zu Belgrad a Serbien, hu sech déi zwee Lëtzebuerger Nowuesstalenter Finn Kemp a Joâo Carneiro iwwer 200 Brasse fir d’Halleffinalle qualifizéiert. De Finn Kemp ass eng Zäit vun 2 Minutten, 16 Sekonnen a 67 Honnertstel geschwommen a steet mat 19 Joer bei senger éischter EM direkt an enger Halleffinall. De João Carneiro huet no 2 Minutten, 16 Sekonnen a 97 Honnertstel ugeschloen a verbessert seng eege Beschtzäit ëm bal 3 Sekonnen.

D’A-Norm fir eng Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller läit bei 2 Minutten, 9 Sekonnen an 68 Honnertstel. Fir Carneiro a Kemp geet et drëm, bei der EM weider Experienz ze sammelen, fir dann eng méiglech Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller 2028 zu Los Angeles an den USA ze envisagéieren.

Back to Top
CIM LOGO