SchwammenJulien Henx verpasst säi groussen Dram vun der Qualifikatioun fir Olympia

RTL Lëtzebuerg
Bei Tokio ass hien net dobäi, mä d'Chance, fir an dräi Joer zu Paräis un den Depart ze goen, besteet nach ëmmer.
© RTL (Archiv)

Et war säi grousst Zil. 5 Joer huet de Julien Henx elo intensiv drop higeschafft, ma e Sonndeg ass den Dram vum Lëtzebuerger Schwëmmer op de franséische Meeschterschafte geplatzt, fir op den Olympesche Summerspiller zu Tokio dobäi ze sinn.

Julien Henx net bei Olympia / Reportage Franky Hippert

Et brauch een den 26 Joer ale Sportzaldot natierlech net ze froen, wéi et mat der Enttäuschung ausgesäit, déi war an ass och nach déi nächst Zäitche riseg.

Et ass e Projet, un deem ech scho Minimum 5 Joer dru schaffen. Wann een e Joer net op héijem Niveau kann trainéieren.

De Julien Henx war iwwert de Weekend op de franséische Meeschterschaften am Asaz. Dat war déi lescht Méiglechkeet fir hien, fir sech fir d’Olympesch Summerspiller zu Tokio, déi a ronn engem Mount ufänken, ze qualifizéieren:

Ech sinn 50 Papillon an 50 Crowl geschwommen. Op de 50 Crowl war et awer net duergaangen

Et ginn dann awer och direkt e puer Grënn, firwat et dës Kéier nach net mat Olympia geklappt huet, seet de Spezialist vun de Sprintstrecken.

Ech hat am Oktober e positive Coronafall. Et huet 3 Méint gedauert. An dunn e Mount drop krut ech en 2. Fall an krut esouguer eng Longenembolie.

D’Olympesch Spiller bleiwen awer natierlech dat grousst Zil fir de Schwëmmer, deen e Sonndeg, also um Dag, op deem et net geklappt huet, Gebuertsdag hat. Paräis 2024 ass awer schonn an 3 Joer:

Ech wëll op Olympia goen. Ech si jonk. Ech well déi Perfektioun sichen.

De Julien Henx krit also dëst Joer nach net d’Méiglechkeet, datt gréisst Sportsevenement op der Welt ze entdecken.

Mat der ganzer Covid-Pandemie kréien d’Olympesch Summerspiller elo Enn Juli awer souwisou net deen Flair, deen ee vun deem Multisportevenement gewinnt ass. E Méindeg war et jo och d’Nouvelle, datt just maximal 10.000 Spectateure pro Kompetitioun däerfen dobäi sinn, an dat däerfe jo och just Leit aus Japan sinn.

Back to Top
CIM LOGO