Serie AJuventus Turin kritt 15 Punkte virleefeg nees guttgeschriwwen

RTL Lëtzebuerg
Dat iewescht Sportgeriicht an Italien huet de 15-Punkten-Ofzoch géint de Rekordchampion Juventus Turin virleefegt ausgesat.
© AFP

De Fall misst nei bewäert ginn, hunn d’Riichter beim Nationalen Olympesche Kommitee geurteelt.

Domat spréngt d’Juve an der Serie A nees virleefeg op Plaz 3 an der Tabell, hannert den SSC Neapel a Lazio Roum, an däerf sech Hoffnungen op e Retour an d’Champions League maachen.

Allerdéngs musse se d’Entscheedung vum Appellsgeriicht vum italieenesche Verband FIGC ofwaarden, deen déi 15-Punkte-Strof verhaangen hat. De Club war bestrooft ginn, well se Transferte solle benotzt hunn, fir d’Bilanz kënschtlech opzebesseren.

Back to Top
CIM LOGO