FuttballJuventus Turin wënnt Supercup géint den AC Mailand mat 1-0

RTL Lëtzebuerg
Den italienesche Futtball-Rekordchampion Juventus Turin huet fir d'aachte Kéier de Supercup gewonnen an domat de Rekord gebrach.

Duerch ee Goal vum Cristiano Ronaldo an der 61. Minutt, an der Viraarbecht vum Miralem Pjanic, gewënnt d’Juve mat 1-0 géint den AC Mailand.

D’Partie gouf am saudiarabeschen Dschidda gespillt. Fir de de fënneffache Welt-Futtballspiller Cristiano Ronaldo war et den éischten Titel, deen hie mat Juventus Turin gewonnen huet.

An der franséischer Ligue1 ass et d’Suite vun där schwaarzer Serie fir Marseille. Zanter annerhallwem Mount huet de Veräin kee Match méi gewonnen. Marseille muss sech zu Saint-Etienne mat 2-1 geschloe ginn a steet elo op der fënnefter Plaz an der Tabelle. Tëscht Toulouse a Lyon gëtt et een 2-2 Gläichspill. Den Derby tëscht Monaco an Nice geet mat engem 1-1 Remis op en Enn, Guingamp gewënnt 2-1 géint Rennes an Nîmes ass 1-0 zu Nantes iwwerleeën.

An den Aachtelsfinalle vun der Copa del Rey spillen den Atletico Madrid a Girona 3-3 gläich, Girona ass domat en Tour weider an den Atletico iwwerraschend eliminéiert. D’Equipe vum franséische Weltmeeschter Antoine Griezmann hat am Allersmatch 1-1 gläich gespillt. De Real Madrid dogéint steet an der Véierelsfinalle vun der Copa del Rey, dat trotz enger 0-1 Defaite géint Leganes. Am Allersmatch hat de Real 3-0 gewonnen. Weider ass och den FC Sevilla, no enger 0-1 Defaite géint Bilbao. Am Allersmatch hat sech Sevilla mat 3-1 duerchgesat.

Back to Top
CIM LOGO