RelegatiounKaiserslautern steigt no Victoire géint Dresden an déi 2. Bundesliga op

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war de Retourmatch vun der Relegatioun ëm déi zweet Bundesliga. Dresden krut Besuch vu Kaiserslautern.
© AFP (Archiv)

Nodeems den Allersmatch mat engem 0:0 op en Enn gaange war, huet Dresden gehofft, hir éischt Victoire am Joer 2022 feieren ze kënnen, ma den 1. FC Kaiserslautern huet Dynamo do awer ee Stréch duerch d’Rechnung gemaach. D’Ekipp vum Betzenberg wënnt nämlech mat 2:0 a schéckt Dresden domat an déi 3. Liga. Kaiserslautern steigt iwwerdeems an déi 2. Bundesliga op. Den Daniel Hanslik an der 59. Minutt an de Philipp Hercher an der 92. Minutt hunn d’Goler markéiert.

An der éischter Hallschent war Dresden en Tick besser wéi d’Gäscht vu Kaiserslautern. D’Haushären haten zwou gutt Chancen, ware soss awer net determinéiert genuch. Kaiserslautern huet iwwerdeems offensiv kaum eppes op d’Rei kritt.

Nom Säitewiessel an dem Gol vum Hanslik huet Dresden nach eemol alles missen no vir geheien a si koumen och nach zu deels ganz gudde Chancen, ma de Raab am Gol vun de Rouden Däiwelen huet mat flotte Paraden d’Null gehalen. An der 92. Minutt huet den Hercher dunn nach fir d'2:0-Schlussresultat gesuergt.

No véier Joer an der 3. Liga ass Kaiserslautern also zeréck an der zweethéchster Divisioun vum däitsche Futtball.

Back to Top
CIM LOGO