
De Volleyballspiller ass zanter Joren ee vun deene beschte Lëtzebuerger Sportler an am Volleyball souguer ee vun deene Weltbeschten.
De Profi vu Perugia schwätzt an dëser Episod mam Marc Burelbach a Jeff Kettenmeyer iwwert seng aktuell Karriär an Italien an wéi hien déi italienesch Liewenskultur ugeholl huet.
Den Dram vum Champions League Titel an wéi hien sech am „Business“ vum Profisport etabléiert huet.
Donieft geet et awer och ëm seng Ufankszäit beim VC Stroossen an och wisou hien den Ament keng Lëtzebuerger Nationalequipe spillt.
Am Podcast “Drëtt Hallschent - De Sporttalk” ass dës Woch de Lëtzebuerger Volleyballspiller eisen Invité.
De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.
