Lëtzebuerger Sportler am AuslandKamil Rychlicki mat Victoire géint Vibo Valentia

RTL Lëtzebuerg
An der italienescher Serie A huet sech Lube Civitanova an 3 Sätz duerchgesat.

Lube Civitanova ass mam Kamil Rychlicki als klore Favorit an de Match géint Vibo Valentia gaangen, wat sech och um Terrain gewisen huet. No 3 Sätz setzt sech Civitanova mat 25:19, 25:23 a 25:17 duerch an zitt duerch dës Victoire mam Tabelleleader Perugia gläich.

Back to Top
CIM LOGO