VolleyballKamil Rychlicki wënnt mat Lube Civitanova d'Coppa Italia

RTL Lëtzebuerg
Wéi schonn am Joer 2020 konnt sech Lube an der Finall géint den Dauerrival Sir Safety Perugia duerchsetzen.
© Francis Manderscheid (media4all.lu)

De Lëtzebuerger Volleyballer Kamil Rychlicki huet mat sengem Veräin Lube Civitanova nees eng Kéier d’Coppa Italia gewonnen.

Beim 3:1 e Sonndeg den Owend huet de Lëtzebuerger mat enger positiver Quot vu 59% an der Attack am Ganze 15 Punkte bäigesteiert.

Vum 9. bis den 11. Februar kënnt Dir Lube Civitanova am Kader vun der CEV-Volleyball-Champions-League nees live op RTL.lu suivéieren.

Back to Top
CIM LOGO