
E Sonndeg den Owend um 17h00 MEZ war et sou wäit, d’Weltmeeschterschaft ass am Katar ugepaff ginn. Am Grupp A stounge sech de Katar an Ecuador géigeniwwer.
Katar - Ecuador 0:2
0:1 Valencia (16'), 0:2 Valencia (31')
Et huet mol keng 3 Minutte gedauert, do louch de Ball am Filet vum Katar. De VAR sollt de Gol awer wéinst enger Abseitspositioun nees annuléieren. No enger gudder Véierelsstonn krut Ecuador een Eelefmeter zougesprach. De Valencia huet sech d’Chance net entgoe gelooss, an huet den 1. Gol bei dëser WM markéiert. Ecuador huet den Drock nom 1:0 erhéicht, an esou war alt nees de Valencia deen an der 31. Minutt op 2:0 erhéicht huet. Kataris hate kuerz virun der Paus hier beschte Chance vum Match. Den Almoez Ali huet de Kappball awer relativ däitlech laanscht de Gol gesat, sou dass si mat engem 0:2 an d’Paus gaange sinn.
Nom Téi ass net méi all ze vill geschitt. An engem Match ouni vill Chancen an enger iwwerfuerderter Ekipp vu Katar gewënnt den Ecuador den Optaktmatch deemno mat 2:0 a steet provisoresch op der 1. Plaz am Grupp A.
