
Och e puer Lëtzebuerger Futtballer sinn um Samschdeg am Asaz. Den Iwwerbléck fannt dir hei.
Manchester City - FC Arsenal 5:0
1:0 Gündogan (7'), 2:0 Torres (12'), 3:0 Gabriel Jesus (43'), 4:0 Rodri (53'), 5:0 Torres (84')
D’Gunners ware vun Ufank un déi ënnerleen Ekipp an hate géint de Champion vu Manchester keng Chance. An der Paus stoung et deemno schonn’s 3:0 fir d’Sky Blues. No enger rouder Kaart an der 35. Minutt vum Granit Xhaka hunn d’Gäscht och nach iwwer 45 Minutten an Ënnerzuel misste spillen. Och an der zweeter Hallschent huet sech net vill um Bild geännert, sou dass d’Ekipp vum Pep Guardiola mat 5:0 géint d’Gunners wannen. Arsenal bleift deemno no 3. Spilldeeg wéider ouni Punkt.
West Ham United - Crystal Palace 2:2
1:0 Fornals (39'), 1:1 Gallagher (58'), 2:1 Antonio (68'), 2:2 Gallagher (70')
West Ham United huet duerch den 2:2-Gläich géint Crystal Palace et verpasst och am 3. Match an dëser Saison hier 3. Victoire anzeféieren. Obwuel d’Lokalekipp zwee mol a Féierung louch ass et de Gäscht a Persoun vum Gallagher jeeweils gelongen de Match erëm auszegläichen. Deemno e gerechten 2:2.
Brighton - FC Everton 0:2
0:1 Gray (41'), 0:2 Calvert-Lewin (57')
Am 3. Match déi 1. Néierlag fir Brighton. Everton zitt duerch des Victoire laanscht Brighton n der Tabell an huet elo nämmlecht vill Punkten (7) wéi West Ham.
FC Liverpool - FC Chelsea 1:1
0:1 Havertz (22'), 1:1 Salah (45+2')
Am Spëtzematch vum 4. Spilldag an der Premier League ass Chelsea duerch e Gol vum Havertz wuel a Féierung gaangen, ass awer kuerz virun der Paus duerch e Foul vum James an Ënnerzuel geroden. De fällegen Eelefmeter huet de Salah sech net entgoe gelooss an zum 1:1 markéiert. Nom Téi hat Liverpool bei wäitem méi vum Match, ouni sech awer 100 % Chancen eraus ze spillen, sou dass de Match um Enn 1:1 ausgeet. West Ham bleift domat duerch eent bessert Golverhältnis op der 1. Plaz an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atalanta Bergamo - FC Bologna 0:0
Lazio Roum - Spezia Calcio 6:1
0:1 Verde (4'), 1:1 Immobile (5'), 2:1 Immobile (15'), 3:1 Immobile (45+2'), 4:1 Anderson (47'), 5:1 Hysaj (70'), 6:1 Alberto (85')
Lazio Roum ass dankbar schlecht an de Match komm, a louch no 4 Minutten mat 0:1 a Réckstand. Et huet allerdéngs mol keng Minutt gedauert, éier den Immobile den direkten Ausgläich markéiert huet. An der Suite war et nëmmen nach eng Ekipp déi d’Heft an d’Hand geholl huet an esou war et virun allem den Immobile dee mat 3 Goler an der 1. Hallschent dofir gesuergt huet, dass Lazio um Enn mat 6:1 géint Spezia Calcio gewonnen huet.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
OGC Nice - Girondins Bordeaux 4:0
1:0 Kluivert (7'), 2:0 Gouiri (33'), 3:0 Gouiri (42'), 4:0 Thuram (85')
Nice huet um 4. Spilldag vun der Ligue 1 Bordeaux keng Chance gelooss a louch an der Paus scho mat 3:0 a Féierung. Den Thuram huet an der Schlussphase den Deckel drop gemaach. Nice ass mat 10 Punkten 1. an der Tabell, de PSG kann um Sonndeg mat enger Victoire awer nach laanscht zéien.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Celta Vigo - Athletic Bilbao 0:1
0:1 Williams (34')