
An England kënnt Manchester United ënnert dem Ralf Rangnick net wierklech un d’Rullen a muss sech d’Punkte mam Southampton deelen. Real Madrid spillt just 0:0 an an Däitschland ass et zu enger iwwerraschender Néierlag vu Bayern zu Bochum komm a Leverkusen klappt Stuttgart.
Manchester United - FC Southampton 1:1
1:0 Sancho (21'), 1:1 Adams (48')
D’Red Devils hunn eng uerdentlech 1. Hallschent gespillt a si verdéngtermoossen duerch de Sancho säi Gol an der 21. Minutt a Féierung gaangen. Nom Säitewiessel ass Southampton awer direkt den Ausgläich gegléckt. Dem Ralph Hasenhüttl seng Ekipp huet dono ferm op de Gas gedréckt, fir den entscheedende Gol sollt et awer net duergoen. Vun Manu ass an deenen zweete 45 Minutten ze wéineg komm, sou dass de béid Ekippe sech mam 1:1 mussen zefridde ginn.
FC Everton - Leeds United 3:0
1:0 Coleman (10'), 2:0 Keane (23'), 3:0 Gordon (78')
Am Tabellekeller huet Everton eng immens wichteg Victoire géint den direkte Konkurrent vu Leeds agefuer. An enger relativ eesäiteger Partie louch Everton séier mat 2:0 a Féierung. Leeds hat um Samschdeg den Owend näischt dogéint ze setzen a verléiert um Enn verdéngt mat 0:3. Domat huet Leeds an der Tabell als 15ten nach 1 Punkt Avantage op de Géigner vun haut.
Norwich City - Manchester City 0:4
0:1 Sterling (31'), 0:2 Foden (48'), 0:3 Sterling (70'), 0:4 Sterling (90')
Manchester City huet am Match géint Norwich näischt ubrenne gelooss a gewënnt duerch 3 Goler vum Sterling verdéngt mat 4:0.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Lazio Roum - FC Bologna 3:0
1:0 Immobile (13'), 2:0 Zaccagni (53'), 3:0 Zaccagni (63')
Lazio Roum huet géint Bologna näischt ubrenne gelooss a gewënnt souverän mat 3:0. Lazio Roum steet aktuell op der 6. Plaz an der Tabell.
SSC Neapel - Inter Mailand 1:1
1:0 Insigne (7'), 1:1 Dzeko (47')
Am Spëtzematch vun der Serie A ass et tëscht Neapel an Inter zum Duell vum 1. an dem 2. an der Tabell komm. D’Lokalekipp war besser am Match, hat déi gréisser Unzuel a gudde Chancen, an ass esou verdéngt nom Gol vum Insigne an der Ufanksphase vum Match mat 1:0 an d’Kabinne gaangen. Inter ass rasant aus der Paus komm, an huet duerch den Dzeko an der 47. de prompten Ausgläich markéiert. An der Schlussphase sollt kenger Ekipp de Lucky Punch glécken, sou dass de Match mat 1:1 op en Enn geet. Den AC Mailand huet domat um Sonndeg d’Chance mat enger eegener Victoire Tabelleféierung ze iwwerhuelen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
HSC Montpellier - OSC Lille 0:1
0:1 Xeka (77')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Villarreal - Real Madrid 0:0
Real Madrid ass e puer Deeg virum Champions-League Match géint Paris St. Germain net iwwert een 0:0 -Gläich géint Villarreal eraus komm. Déi Kinneklech hate wuel méi vum Match, haten allerdéngs Pech dass si just zwee mol de Potto getraff hunn.