Lëtzebuerger Futtballer am AuslandKee gudde Start an déi nei Saison fir de Sébastien Thill

RTL Lëtzebuerg
Hansa Rostock huet mam Sébastien Thill 0:1 géint Heidenheim verluer. De Lëtzebuerger huet den Terrain verletzungsbedéngt fréizäiteg misse verloossen. 
© AFP (ARCHIV)

De Sébastien Thill, deen ab dëser Saison fir Hansa Rostock an der 2. däitscher Bundesliga spillt, stoung vun Ufank un um Terrain. No engem Zweekampf an der Ufanksphase vum Match ass den Offensivmann falsch um Buedem opkomm an huet misse behandelt ginn. No 22 Minutte sollt et awer dunn net méi weider goen, an dem Thill säin 1. Match fir säin neie Veräin war esou fréizäiteg eriwwer. De Gol vum Dag huet de Schimmer an der 50. Minutt geschoss. Rostock verléiert doheem deemno mat 0:1 géint Heidenheim. Um 2. Spilldag spillt Hansa Rostock auswäerts beim HSV.

An der 2. Liga an Norwegen stoung de 15. Spilldag um Programm. Kongsviner huet ouni de Lars Gerson mat 5:0 géint Stjordals Blink gewonnen. De FLF-Nationalspiller stoung bei Kongsviner net am Kader.

Samschdeg

Um 2. Spilldag am bulgaresche Championnat huet ZSKA Sofia bei Lok. Sofia 1:1 gläichgespillt. Den Enes Mahmutovic souz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.

An Éisträich hat Austria Wien mam Marvin Martins keng Problemer an den 1/32-Finalle vun der Coupe. Mat 7:0 huet ee beim FC Wels gewonnen.

Back to Top
CIM LOGO