
Wéi et aus der englescher “Times” heescht, soll d’kataresch Kinneksfamill Drock gemaach hunn, datt d’Zerwéiere vun Alkohol an a ronderëm d’Stadie komplett verbuede gëtt. D’FIFA hat eigentlech geplangt, datt d’Fans wärend de Matcher tëscht dem 20. November an 18. Dezember bannent de Stadien a bestëmmten Zone Béier kafen dierften.
Ma e Freideg huet d’FIFA confirméiert, datt d’Verbuet vu Béier an allgemeng Alkohol bannent a ronderëm de Stadien duerchgesat gëtt.