
Sollt dat a verschiddene Länner net de Fall sinn, ass et duerchaus méiglech, datt hei d'Veräiner hir Plazen an der Champions League verléieren.
Zesumme mat der ECA, der Organisatioun vun de Clibb an Europa, déi eng 1.000 Clibb aus 29 Länner vertrëtt, ass d'UEFA amgaange mat kucken, fir d'Saisonen an den eenzele Länner bis Juli oder souguer August lafen ze loossen. Sollten déi national Kompetitiounen eriwwer sinn, kéinten dono d'Champions- an Europa-League ausgespillt ginn.
Dëse Statement koum no der Ausso aus der Belsch, datt ee géif virschloen, fir d'Saison mam aktuelle Punktestand op en Enn ze bréngen. An deem Fall géif sech Club Brugge fir d'Champions League qualifizéieren, wat awer elo no der Reunioun vun UEFA an ECA kéint ewechfalen.