FuttballKläppereien tëscht Fans vu Roma a Feyenoord viru Conference-League-Finall

RTL Lëtzebuerg
Um Virowend zur Conference League-Finall tëscht der AS Roum a Feyenoord Rotterdam zu Tirana, ass et zu Kläppereien tëschent Supportere vu béide Clibb komm.
© AFP/Gent SHKULLAKU

Deemno solle Fans vu Feyenoord een Albaner, dee säi Support fir d’AS Roum ëffentlech gewisen huet, mat Still attackéiert hunn. Och goufen zéng Poliziste blesséiert. Aacht Supportere vu Feyenoord goufen heibäi festgeholl, de Mann koum an d’Spidol.

Nodeems ee weidere Grupp vu Ronn 200 Feyenoord-Supportere probéiert huet, Fans vun der Roma z’attackéieren, koum et och hei zu Ausenanersetzunge mat der Police. Insgesamt koum et op d’mannst op dräi verschiddene Plazen an der albanescher Haaptstad zu gewalttätegen Incidenter tëscht Supporter-Gruppen. Der albanescher Police no goufe 60 Supporter vu béide Veräiner verhaft.

Den “Air Albania Stadium” vun Tirana huet eng Kapazitéit vu just 21.000 Sëtzer, mä trotzdeem gi bis zu 100.000 Supportere vu béiden Ekippen an der Stad erwaart. Wéi déi lokal Autoritéite matgedeelt hunn, wäerten d’Fans vun den zwee Lageren a separat Zonen agedeelt ginn, wou se d’Finall op risegen Ecrane matverfollege kënnen. Méi wéi 2.000 Poliziste goufen am Virfeld vum Match stationéiert, fir sécherzestellen, dass alles friddlech ofleeft.

Back to Top
CIM LOGO