
Géint Roeselaere gouf et ganz serréierten éischte Saz, an deem de Lëtzebuerger mat 7 Punkte beschte Scorer fir seng Ekipp war. Nodeems d’Italiener 6 Sazbäll ofgewiert haten, hu si de Saz mat 31:29 gewonnen. Am zweete Saz huet Roeselaere dem Drock net méi Stand gehalen a kloer mat 14:25 verluer.
Den drëtte Set war nees liicht méi equilibréiert, mat um Enn awer dem erwaarte Succès fir de Favorit aus Italien. Nom 25:16 am drëtte Saz an dem kloren 3:0 stinn d’Chancen op eng Qualifikatioun fir d’ 1/2-Finall deemno gutt.
