Volleyball CoupeKloer Victoirë bei den Dammen

RTL Lëtzebuerg
Walfer, d'Gym an Iechternach stinn an der nächster Ronn. Bei den Häre si Bartreng an Iechternach eng Ronn weider.

Bei den Häre konnt sech Dikrech no 5 Sätz mat 3:2 géint Luerenzweiler duerchsetzen a sech sou den Ticket fir d’Véierelsfinalle sécheren. Iwwerdeems stinn och Stengefort a Fenteng schonn ënnert de leschten aacht Ekippen.

Dikrech setzt sech géint Luerenzweiler duerch
De Chev Dikrech gewënnt mat 3:2 géint Luerenzweiler.

Um Sonndeg setzt sech Bartreng mat 3:1 géint de Belair duerch an Iechternach wënnt och mat 3:1 géint Amber-Lënster.

Bei den Damme huet sech de CHEV Dikrech ouni gréisser Problemer mat 3:0 géint Stroossen duerchgesat a steet domat an de 1/4-Finallen. Och an déi nächst Ronn hunn et bis elo Luerenzweiler, Bartreng a Péiteng gepackt.

An den dräi Partien um Sonndeg gouf et kloer Victoiren. Walfer wënnt 3:0 géint Stengefort, d’Gym wënnt och 3:0 doheem géint Iechternach a Fenteng setzt sech kloer mat 3:0 zu Wolz duerch.

D’Resultater vun den Hären

D’Resultater vun den Dammen

Back to Top
CIM LOGO