
Um Sonndeg war et d’Suite vum 11. Spilldag an der BGL Ligue. E Freideg huet de Swift schonn Hamm Benefica aus dem Stadion geschoss an um Samschdeg konnt sech am Spëtzematch Diddeleng géint Fola behaapten.
Virun 225 Spectateuren hunn béid Ekippen een ënnerhalsamem Match gebueden. D’UNA konnt fréi an der Partie duerch de Perez an der 7. Minutt mat 1:0 a Féierung goen. Allerdéngs huet d’Wëlzer Äntwert net laang op sech waarde gelooss, an den Ibrahimovic (13') huet Wolz nees an de Match bruecht. Kuerz drop sollt allerdéngs den 2:1 fir d’Lokalekipp falen, wat och d’Pauseresultat sollt sinn. Wolz huet no der Paus de Score wuel erëm ausgeglach (Cetinkaya 49'), mee de Perez huet an der 79. den entscheedende Gol geschoss, sou dass d’UNA mat 3:2 géint Wolz gewënnt. D’Una huet 1 Punkt Réckstand an der Tabell op den F91.
Den Titus Péiteng ass an der 10. Minutt duerch den Teixeira a Féierung gaangen, iwwerdeems Munneref nëmme schwéier an de Match komm ass. D’Lokalekipp ass an der 56. Minutt aus dem näischt den Ausgläich gelongen. Dono waren si besser am Match, hunn d’Iwwerhand geholl a gewannen um Enn duerch e Gol vum Ramdedovic (79') mat 2:1 géint Péiteng.
Ettelbréck louch laang mat 0:1 a Réckstand, huet awer eng Véierelsstonn viru Schluss den Ausgläich konnte markéieren. Racing, déi déi lescht 15 Minutten an Ënnerzuel hu misste spillen hunn et dunn an der Nospillzäit awer nach tatsächlech fäerdeg bruecht den entscheedenden 2:1 (Mabella, 90+1') ze schéissen. Batter Defaite deemno fir Ettelbréck.
Mat 4:1 huet Hueschtert zu Déifferdeng gewonnen. An der Paus stoung et 2:0 fir d’Gäscht. Hueschtert stoung kompakt, huet iwwerdeems Déifferdeng offensiv ze ongeféierlech war.
Iwwert een 2:0 géint d’Jeunesse Esch konnt sech Rouspert freeën. Bei der Lokalekipp hunn de Spruds (10') an de Feltes (63') viru ronn 300 Spectateure getraff.
REPLAY: De Live Arena “Gol vun der Woch”