
Um Samschdeg stoung den däitsche Klassiker tëscht Dortmund a Bayern München um Programm, wou Dortmund a leschter Minutt nach den Ausgläich markéiere konnt. Um Sonndeg hu mat Union Berlin a Freiburg déi zwee Tabellenéischt an de Spilldag agegraff. An der Premier League stoung de Spëtzematch tëscht Liverpool an Arsenal um Programm, och wa Liverpool aktuell just 10. ass. An der Serie A wollte Bergamo an Neapel weider un der Spëtzt bleiwen.
Mönchengladbach - Köln 5:2
1:0 Friedrich (27'), 1:1 Kainz (31'), 2:1 Bensebaini (45'+2), 3:1 Stindl (47'), 4:1 Bensebaini (76'), 4:2 Huseinbasic (83'), 5:2 Thuram (90'+1)
No dräi Derbynéierlagen hannerteneen konnt Gladbach sech mol nees géint Köln behaapten. Nodeems d’Fohlen a Féierung goungen, konnt Köln duerch de Kainz per Eelefmeter ausgläichen. Dee selwechte Spiller sollt nach virun der Paus mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn, wouduerch Gladbach e Virdeel hat. Nom Säitewiessel huet Gladbach de Match dominéiert a Köln keng Chance gelooss. De Bensebaini an den Thuram hu fir d’Lokalekipp alles kloer gemaach.
An der 78. Minutt gouf bei de Gladbacher den Yvandro Borges agewiesselt. Fir de Lëtzebuerger war et deen zweeten Asaz an der Bundesliga.
Hertha BSC - Freiburg 2:2
0:1 Kyereh (22'), 1:1 Lukébakio (34', Eelefmeter), 2:1 Serdar (61'), 2:2 Schade (78')
Béid Ekippen hunn am Ufank no vir gespillt, mee et waren d’Gäscht aus dem Breisgau, déi a Féierung goungen. E puer Minutten drop krut d’Hertha en Eelefmeter zougesprach, deen de Lukébakio verwandele konnt. Am Ufank vun der zweeter Hallschent ass et méi roueg ginn, bis Berlin säin zweete Gol geschoss huet. No engem Feeler vum Berliner Golkipp konnt Freiburg nach den Ausgläich markéieren a bleift och den zéngte Flichtmatch hannerteneen ongeschloen.
Stuttgart - Union Berlin 0:1
0:1 Jaeckel (76')
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
West Ham - Fulham 3:1
0:1 Pereira (5'), 1:1 Bowen (29'), 2:1 Scamacca (62'), 3:1 Antonio (90'+1)
West Ham erkritt sech ëmmer méi a ka sech och am Derby géint Fulham behaapten. Och wann de Gaascht a Féierung konnt goen, huet d’Lokalekipp de Match gedréint, woubäi den zweete Gol laang vum VAR iwwerpréift gouf. Uschléissend hat Fulham d’Chance op den Ausgläich, mee West Ham konnt an der Nospillzäit den decisive Gol markéieren.
Arsenal - Liverpool 3:2
1:0 Martinelli (1'), 1:1 Nunez (34'), 2:1 Saka (45'+5), 2:2 Firmino (53'), 3:2 Saka (76', Eelefmeter)
Arsenal huet e richteg staarke Match gewisen a war schonn an der éischter Minutt a Féierung gaangen. Liverpool konnt net onverdéngt ausgläichen, mee nach virun der Paus huet de Saka an enger laanger Nospillzäit d’Gunners nees a Féierung geschoss. Kuerz no der Paus konnt Liverpool den 2:2 schéissen, obwuel Arsenal de Match gemaach huet. D’Ekipp vu London huet weider staark opgespillt a Liverpool ënner Drock gesat. Eng Véierelstonn viru Schluss krut Arsenal en Eelefmeter zougesprach, deen de Saka verwandelt huet. D’Gunners bleiwen no dëser Victoire Éischten an der Tabell, d’Reds stinn op Plaz 10.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Udinese - Atalanta Bergamo 2:2
0:1 Lookman (36'), 0:2 Muriel (56', Eelefmeter), 1:2 Deulofeu (67'), 2:2 Perez (78')
Udinese hat bis zum 1:0 fir Bergamo méi vum Match an huet sech bis zur Paus vum Réckschlag mussen erhuelen. No der Paus huet de Muriel per Eelefmeter op 2:0 fir seng Faarwe markéiert. Udinese huet awer weider no vir gespillt a konnt verkierzen an um Enn souguer den Ausgläich markéieren. Bergamo bleift zwar Zweeten an der Tabell, huet et awer verpasst de Leader Neapel richteg ënner Drock ze setzen.
Cremonese - Neapel 1:4
0:1 Politano (26', Eelefmeter), 1:1 Dessers (47'), 1:2 Simeone (76'), 1:3 Lozano (90'+2), 1:4 Olivera (90'+4)
Neapel huet haart musse schaffe fir dës Victoire, mee feiert um Enn den aachten Erfolleg hannerteneen. An der éischter Hallschent war Neapel duerch en Eelefmeter a Féierung gaang, krut awer direkt nom Säitewiessel eng kal Dusch vu Cremonese. Am weidere Verlaf huet Neapel vill musse schaffen, fir nees a Féierung ze kommen a huet sech um Enn dach kloer duerchgesat. Neapel ass domat eleng Leader am Klassement.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Montpellier - Monaco 0:2
0:1 Embolo (45'+1), 0:2 Boadu (80')
Monaco konnt virun der Paus vun enger gudder Phas profitéieren an duerch den Embolo a Féierung goen. Um Ufank vun der zweeter Hallschent huet Montpellier sech Chancen erausgespillt, konnt dës awer net notzen. An der leschter Véierelstonn hat Monaco nees méi vum Match a konnt an der 80. Minutt den decisive Gol schéissen, och wann deen nach duerch de VAR huet musse confirméiert ginn. An der Tabell bleift Monaco op der fënnefter Plaz.
Brest - Lorient
1:0 del Castillo (17'), 1:1 Moffi (24') 1:2 Moffi (53')
No der Néierlag vu Marseille ka sech Lorient no der Victoire zu Brest op déi zweet Plaz no vir schaffen. Brest sollt zwar fréi a Féierung goen, a krut ee weidere Gol wéinst Abseits oferkannt, mee Lorient huet zimmlech séier zeréckgeschloen. Kuerz no der Paus sollt de Moffi säin zweete Gol op dësem Dag schéissen a Lorient sou op d’Gewënnerstrooss bréngen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Valladolid - Betis Sevilla 0:0