Futtball-WM vun den DammenKolumbien setzt sech géint Jamaika duerch, Frankräich léisst Marokko keng Chance

RTL Lëtzebuerg
D'Südamerikanerinne stinn no engem 1:0 géint d'Ekipp aus der Karibik an der Véierelsfinall vun der Futtball-Weltmeeschterschaft.
© WILLIAM WEST AFP

Et war ee vun Ufank u serréierte Match tëscht deenen zwou Ekippen. D’Jamaikanerinne waren an den éischte Minutten 2 Mol am kolumbianesche Strofraum, en Ofschloss koum awer net zustanen.

De Match definéiert sech an der Suitte virun allem iwwer d’Kierperlechkeet. Schonn an der 6. Minutt muss d’Ospina no engem Zweekampf mam Shaw behandelt ginn.

Béid Ekippen hu sech iwwer wäit Strecke vum Match géigesäiteg neutraliséiert, ma an der 51. Minutt ass dunn de Gol fir Kolumbien gefall. D’Guzman flankt vu lénks an de Strofraum vun den Jamaikanerinnen, wou d’Usme de Ball unhëlt an am lénken Eck am Gol placéiert.
Direkt duerno war et bal zu der Äntwert vun den Jamaikanerinne komm. No enger Flank vum Blackwood, erwëscht d’Perez am kolumbianesche Gol de Ball net richteg. Dëse fält dem Brown op de Kapp a vun do aus op de Potto, éier d’Kolumbianerinne kläre kënnen.

Duerno verstäerken d’Jamaikanerinnen hir Beméiungen an der Offensiv, ma d’Kolumbianerinne konnten ëmmer nees fir Entlaaschtung suergen, sou dass si de Match schliisslech mat 1:0 op en Enn geet.

Eng méi däitlech Affär war dann den zweete Match vum Dënschdeg. Frankräich léisst Marokko net den Hauch vun enger Chance: 76 Prozent Ballbesëtz a 15 Ofschlëss, dovu 5 op de Gol op franséischer Säit, géigeniwwer 24 Prozent Ballbesëtz an engem Ofschloss bei de Marokkanerinne schwätzen eng däitlech Sprooch.

Schonn an der 15. Minutt markéiert d’Diani no enger Flank vum Karchaoui mam Kapp den 1:0. An der 20 Minutt fält dann no enger schéiner Kombinatioun den nächste Gol. D’Dali markéiert den 2:0 fir Frankräich. Nëmmen 3 Minutten drop schéisst d’Le Sommer dann no engem Ofwier-Feeler vu Marokko den 3:0.

Duerno kontrolléieren d’Franséisinnen iwwer wäit Strecken d’Spill. Ma eng weider séier gespillten Aktioun geet duer, fir dass d’Le Sommer an der 70. Minutt säin zweete Gol schéisse kann.

Frankräich steet also no engem héichverdéngte 4:0 an der Véierelsfinall.

Back to Top
CIM LOGO