DammefuttballKontrakt vum Alex Luthardt beim Stater Racing gëtt net verlängert

RTL Lëtzebuerg
Aus dem Dammefuttball kënnt d'Nouvelle, datt de Stater Racing an hiren Trainer den Alex Luthardt no zwou erfollegräichen Saisone getrennte Weeër ginn.
© RTL-Archiv

Di Responsabel vum neie Champion hunn decidéiert de Kontrakt mam Trainer net ze verlängeren.

Ënnert senger Leedung gouf de Racing zwee Mol noenee Lëtzebuerger Champion a kann dës Saison och nach den Doublé realiséieren. Wien d’nächst Saison säi Nofollger gëtt ass nach net bekannt.

Back to Top
CIM LOGO