
Eng Fro ass elo, wéi d'Normen en Vue vum nächste Joer wäerten ausgesinn an ob sech eppes a puncto Qualifikatioun ännert, speziell och fir d'Lëtzebuerger Athleten.
Déi Sportler, déi sech fir d'Olympesch Spiller dëse Summer qualifizéiert haten, sinn och 2021 mat dobäi, do ännert deemno näischt. Wat d'Critère vum COSL ugeet, sinn des ganz vill vum IOC ofhängeg, seet den Directeur Technique vum Lëtzebuerger Olympesche Comité, Heinz Thews.
"Den IOC huet ganz kloer gesot, datt d'Quoteplazen alleguer bestoe bléiwen. Dat ass eng gutt Noriicht fir eis Athleten, mir hunn jo ëmmerhin schonn, wann een Kandidaten, wéi d'Julie Meynen an de Cyclissem dobäi rechent, op d'mannst 7 Plazen."
Mam Ni Xia Lian, Raphael Stacchiotti, Bob Bertemes an Nicolas Wagner si 4 Nimm fix. Donieft kommen nach 3 Plazen am Cyclissem, 2 bei den Hären an 1 bei den Dammen.
An d'Julie Meynen ass am Schwammen mat hirer B-Norme extrem no drun an huet ganz realistesch Chancen, fir 2021 zu Tokio dobäi ze sinn.
D'Qualifikatiounscritère ginn eigentlech just an Ausnamefäll geännert, erkläert den Heinz Thews.
"Mir iwwerhuelen dat esou, wéi den IOC dat decidéiert, dat steet och esou an de Kontrakter. Onofhängeg vun der Corona-Kris ass dëst just de Fall bei Leeschtungsabroch oder wann een zum Beispill aus dem Olympia-Programm erausklëmmt, da kënnen esou Plazen nach verluer goen. Dat gesäit bei eise Kandidaten awer aktuell net sou aus."
D'Olympesch Spiller ginn iwweregens den 23. Juli 2021 zu Tokio un.