
Nom 2:1 doheem géint de St. Patrick’s Athletic FC stoungen och am Réckmatch vun der Conference-League-Qualifikatioun d’Zeeche fir den F91 gutt, nodeems den Oege-Sietse van Lingen d’Diddlenger an der 9. Minutt a Féierung bruecht hat.
Du koum awer déi 22. Minutt: E laangen, mä u sech harmlose Ball vum Jamie Lennon koum an de 16-Meter vun Diddeleng geflunn. Den F91-Keeper Didier Desprez koum aus dem Gol gelaf fir en ewech ze käppen, allerdéngs an den eegene Gol. E kuriéisen Ausgläich, deen net nëmmen déi iresch Fans am Stadion amuséiert huet, mä och déi am Netz.
Op hirem offiziellen Twitter-Account deelt de St. Patrick’s Athletic FC e Video vum Gol, dee bis ewell iwwer 250.000 mol ugekuckt gouf, mat de Wierder: “E bizarren Ausgläich, mä eis ass et egal!”.
Den F91 hëlt d’Saach mëttlerweil mat Humor. Net zulescht, well een de Match nach mat 3:2 fir sech decidéiere konnt a mat engem Gesamtresultat vu 5:3 eng Ronn weider ass. Ënnert engem Facebook-Post vu Missioun Grottekick, déi sech och iwwert de Gol amuséiert hunn, schreift den Diddelenger Club: “Gottseidank kënne mer elo driwwer laachen”.
Bei de Futtballhistoriker ënnert Iech huet de Gol eventuell Erënnerungen un d’Bundesligasaison 2001/2002 zeréckbruecht. Am Match tëschent dem FC Energie Cottbus a Borussia Mönchengladbach, hat den deemolege Goalkeeper vu Cottbus Tomislav Piplica, e genee sou harmlose Ball op eng änlech Manéier an déi eege Këscht gelenkt.