
De Lars Gerson huet e Mëttwoch mat sengem Gol zu der 4:1-Victoire vun Norrköping iwwer AIK bäigedroen. An der 32. Minutt ass hie vum Eelefmeterpunkt äiskal bliwwen an huet sou schonn no enger gudder hallwer Stonn op 4:0 erhéicht. Norrköping séchert sech domat déi zweet Victoire am zweete Match vun der neier Saison.
An der 1. däitscher Bundesliga huet Mainz mam Leandro Barreiro sech ganz wichteg Punkten géint Borussia Dortmund geséchert. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Nationalspiller huet sech mat 2:0 géint de BVB behaapt an domadder wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig gesammelt. De Barreiro ass an der 75. Minutt agewiesselt ginn.
An der 2. Bundesliga huet de Karlsruher SC, mam Dirk Carlson an der Starteelef, missen eng 2:1 Defaite géint Jahn Regensburg astiechen. Domat rutscht Karlsruhe nees op d’Barrageplaz an huet elo e Réckstand vun 3 Punkten op eng sécher Tabelleplaz.
An der 3. Liga huet Waldhof Mannheim zu Unterhaching 0:0 gläichgespillt. De Maurice Deville stoung bei de Gäscht net am Kader. Mannheim huet 4 Punkte Retard op eng direkt Opstigsplaz an der 3 op d’Relegatiounsplaz.