
An der däitscher Bundesliga huet iwwerdeems de Leandro Barreiro bei der 1:0-Victoire vu Mainz géint Hoffenheim den entscheedende Gol markéiert.
Manchester City – Newcastle United 2:0
1:0 Foden (15'), 2:0 Silva (67')
Manchester City huet seng Aufgabe gemeeschtert a bleift domat um FC Arsenal drun. Newcastle, déi bis dato nëmme 15 Géigegoler an dëser Saison agefaange kruten, hunn de Match wuel gutt ugefaangen, hunn nom 0:1 vum Foden an der 15. Minutt awer de Fuedem verluer. Beschte Chance fir d’Gäscht hat de Longstaff an der 17. Minutt. Nom Säitewiessel ass Newcastle dunn besser aus de Kabinne komm, an hätt mat e bëssi méi Reussite den Ausgläich kéinte markéieren. An esou sollt City no engem flotte Spillzuch iwwert den Haaland a Persoun vum Silva an der 67. Minutt fir d’Virentscheedung suergen.
FC Arsenal – AFC Bournemouth 3:2
0:1 Billing (1'), 0:2 Senesi (57'), 1:2 Partey (62'), 2:2 White (70'), 3:2 Nelson (90+7')
E verréckte Nomëtteg hunn d’Spectateuren am Emirates Stadium duerfte materliewen. Et ware mol keng 10 Sekonne gespillt, do louchen d’Gäscht scho mat 1:0 a Féierung. Et war iwwerdeems deen zweet schnellste Gol an der Geschicht vun der Premier League. Nom 2:0 fir Bournemouth huet wuel kee méi un eng Victoire vun de Gunners gegleeft. Nom Uschloss vum Thomas an der 62. Minutt huet den Tabellenéischten alles no vir geheit, an nom Ausgläich vum White duerch den agewiesselten Nelson an der 7. Minutt vun der Nospillzäit tatsächlech de Match nach gedréint. Domat bleift Arsenal an der Tabell 5 Punkte viru Manchester City.
FC Chelsea – Leeds United 1:0
1:0 Fofana (53')
Wolverhampton - Tottenham Hotspurs 1:0
1:0 Traore (82')
Tottenham geet iwwerraschend mat 0:1 op Wolverhampton verléieren. Spurs hate wuel zwou gutt Chancen a Féierung ze goen, hunn et awer verpasst de Gol ze markéieren. De agewiesselten Traoré huet an der 82. Minutt fir d’Entscheedung gesuergt. Opgrond vun der zweeter Hallschent eng net onverdéngte Victoire fir d’Lokalekipp.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Atalanta Bergamo – Udinese Calcio 0:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
RC Lens – OSC Lille 1:1
1:0 Fonte (Selbstgol, 41'), 1:1 David (69')