
Nodeems e Freideg Borussia Dortmund am Westfalenstadion RB Leipzig mat 2:1 geklappt huet, war et un Union Berlin a Bayern München fir nozezéien. Iwwerdeems Bayern am Owesmatch um 18h30 op Besuch beim VFB Stuttgart ass, huet Union géint Köln Punkte leien geloos, a spillt nemmen 0:0-Gläich.
Union huet sech iwwert de ganze Match schwéier gedoen. Köln war virun allem an der zweeter Hallschent déi besser Ekipp an ass ëmmer nees virum Berliner Gol opgedaucht. Hector, Keinz a Mertel hunn de Ball awer net konnten am Gol ënnerbréngen. Ëmmer nees war et och de Rönnow deen Union am Match gehalen huet.
An och am Match Gladbach géint Freiburg ass kee Gol gefall. Gladbach hat an der 1. Hallschent méi Spillundeeler, de Wee an de Gol sollten si awer net fannen. Alles an allem hate béid Ekippen e puer Chancen de Match ze entscheeden, um Enn sollt de Match awer mat engem 0:0 op e Enn goen.
Am Ofstigskampf ass et zum Klenge Revéier-Derby tëscht Bochum a Schalke komm. An kenger héichklasseger mee dofir intensiver Partie, war et d’Lokalekipp déi offensiv déi besser Chancen hat. E Gol sollt Bochum an der éischter Hallschent awer net geléngen. No engem chaoteschem Eegegol vum Riemann kuerz virun der Paus ass Schalke dunn iwwerraschend mat engem 1:0 Féierung an d’Paus gaangen. Och an der zweeter Hallschent war et eng intensiv Partie, bei där de Bülter an der 79. Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt huet. Bochum ass elo Tabelleleschten.
Mainz mam Leandro Barreiro bestätegt seng gutt Form a klappt Hoffenheim mat 1:0. Ganz déif am Keller steet deemno elo och d’TSG Hoffenheim. De Leandro Barreiro huet a sengem 100. Bundesligamatch an der 35. Minutt den entscheedende Gol fir Mainz markéiert. Mainz war besser, huet an der Defensiv quasi näischt zougelooss, a gewënnt domat verdéngt mat 1:0. Fir Hoffenheim ass et déi 7. Néierlag noeneen. D’TSG steet domat weider ganz déif am Tabellekeller.
Augsburg huet sech doheem iwwerdeems géint Bremen mat 2:1 duerchgesat, a kann sech no der Néierlag géint Hertha déi leschte Woch domat e bësse Loft am Ofstigskampf schafen.
Bayern München huet am Owesmatch mat 2:1 zu Stuttgart gewonnen. De Light (41') virun der Paus a Choupo Moting an der 62. Minutt hunn de Champion a Féierung geschoss. Stuttgart huet sech awer zu kengem Moment opginn, an hunn mat vill Leidenschaft gekämpft. An der 88. Minutt huet de VFB den 1:2 konnte markéieren. No enger Flank vum Tiago Tomas konnt de Perea per Kapp de Score op 1 Gol verkierzen. Zu méi sollt et awer net méi duergoen. Bayern ass elo nees punktgläich mam BVB un der Tabellespëtzt.
Klickt hei, fir op d’Säit mat all de Resultater ze kommen.
D’Klickt op de Match, fir d’Statistiken ze gesinn.