
An der englescher Championship hat Huddersfield Town Besuch vu Cardiff. Dobäi ass d’Ekipp vum Danel Sinani als Favorit an de Match gaangen.
Huddersfield huet sech géint den Tabellen-18. laang schwéier gedoen an et huet no enger Néierlag ausgesinn. An der 61. Minutt ass Cardiff a Féierung gaangen. Zu dësem Zäitpunkt war de Lëtzebuerger Nationalspiller schonns net méi um Terrain. Den Danel Sinani gouf an der 57. Minutt fir den Eiting ausgewiesselt. An der Schlussphas konnt Huddersfield duerch Goler vu Koroma a Russel de Match awer nach zu hire Gonschten dréinen.
Um Donneschdeg stoung de Sébastien Thill mat Sheriff Tiraspol géint Sporting Braga an der Europa League um Terrain. Nodeems Tiraspol den Allersmatch mat 2:0 gewanne konnt, stoung et am Retourmatch 2:0 fir Sporting Braga. Um Enn ass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen. An deem konnt de Sébastien Thill säin Eelefmeter eraschéissen mee dat sollt net duergoen sou dat se an der Play-off-Ronn eliminéiert goufen.