Lëtzebuerger Futtballer am AuslandLaurent Jans ziddert sech mat Metz an d'1/16-Finallen

RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg den Owend war de Laurent Jans mat Metz an der Coupe de France bei St. Quentin gefuerdert. De Lëtzebuerger stoung an der Startformatioun.
© pressphoto (Archiv)

An der Coupe de France a Frankräich huet Metz mam Laurent Jans e Samschdeg den Owend an den 1/32-Finalle no Verlängerung mat 2:1 bei St. Quentin gewonnen.

Metz aus der Ligue 2 huet sech géint d’Ekipp aus der 5. Divisioun schwéier gedoen. No 90 Minutte stoung et 1:1, sou datt et an d’Verlängerung gaangen ass. An der 101. Minutt huet de Balliu seng Ekipp dunn awer erléist a fir Metz den 2:1 geschoss. Bis zum Schluss konnt Metz dëst Resultat halen a steet an der 1/16-Finall vun der Coupe de France.

De Laurent Jans stoung fir Metz an der Startformatioun an huet déi 90 Minutten duerchgespillt. An der 72. Minutt hat de Jans déi giel Kaart gesinn.

De Leandro Barreiro huet e Samschdeg mat Mainz ee Frëndschaftsmatch géint Marienborn gespillt. De jonke Lëtzebuerger stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain konnt sech iwwert eng 4:0-Victoire freeën. De Barreiro war deen eenzege Spiller, dee fir Mainz duerchgespillt huet. E Sonndeg geet et fir de Lëtzebuerger mat Mainz an d’Trainingslager a Spuenien.

Déi éischt Hallschent vun der Saison war den Enes Mahmutovic u Yeovil Town an der League Two an England ausgeléint. Hei koum de Lëtzebuerger Nationalspiller nëmmen op 5 Asätz. Elo ass de Mahmutovic zeréck zu Middlesbrough a spillt do fir d’U23-Ekipp an der Premier League 2. E Freideg den Owend stoung den Inneverteideger an der Startformatioun. Um Enn gouf et een 2:2 zu Fulham.

Back to Top
CIM LOGO