
A Schweden huet Degerfors mat 1:2 zu Malmö verluer. Bei Degerfors stoung mam Seid Korac och ee Lëtzebuerger an der Starteelef. An der 95. Minutt krut hien déi giel-rout Kaart gewisen.
An Holland huet Sparta Rotterdam mam Lëtzebuerger Nationalspiller Mica Pinto 4:1 géint Excelsior Rotterdam gewonnen. De Mica Pinto gouf an der 89. Minutt ausgewiesselt.
An der héchster Liga an den USA huet New York City 1:1 géint Chicago Fire gespillt. De Maxime Chanot stoung de komplette Match iwwer um Terrain. De Lëtzebuerger ass jo och de Kapitän vun der Ekipp.
Ujpest huet e Sonndeg den Owend 1:1 mat Debreceni gedeelt. Den Tim Hall stoung 90 Minutte laang um Terrain.
An der héchster belscher Liga huet d’Union Saint-Gilloise mam Lëtzebuerger Nationalgolkipp Anthony Moris 2:1 géint Eupen gewonnen.
An der däitscher Bundesliga huet de Leandro Barreiro a sengem 100. Match an der Bundesliga an der 35. Minutt den 1:0 fir Mainz markéiert. No engem Corner vum Fernandes kann de Baumann am Hoffenheimer Gol de Ball no engem Kappball vum Bell net richteg degagéieren, de Barreiro huet am séierste reagéiert an de Ball mat Hëllef vum Potto an de Filet gesat. Mainz sollt de Match dann och mat 1:0 gewannen. Den Dateil fannt dir hei.
De Mathias Olesen ass iwwerdeems beim 0:0-Gläich vu Köln bei Union Berlin an der 84. Minutt fir de Florian Kainz agewiesselt ginn. De Yvandro Borges huet et net an de Kader vu Gladbach gepackt.
Den Danel Sinani huet an der englescher Championship mat Wigan Athletic 1:1 géint Birminham City gespillt. De Lëtzebuerger huet vun Ufank un gespillt a gouf an der 85. Minutt ausgewiesselt. Wigan Athletic steet op der 23. Plaz an der Tabell.
An Éisträich gouf et eng Victoire fir Austria Wien beim CV Ried. D’Ekipp ronderëm de Marvin Martins, dee vun Ufank un um Terrain stoung, louch wuel mat 0:1 a Réckstand, huet de Match an der zweeter Hallschent awer gedréint. De Lëtzebuerger krut an der 58. Minutt déi Giel Kaart. Austria Wien steet iwwergangsweis op der 5. Plaz a der Tabell.
An der zweeter Portugisescher Liga huet Vilafranquense bei der zweeter Ekipp vu Benfica Lissabon mat 2:0 gewonnen. Den Eric Veiga souz wuel op der Bänk, ass bei Vilafranquense awer net zum Asaz komm.
An der 2. Liga a Frankräich huet de Florian Bohnert mat Bastia 4:2 géint Nîmes gewonnen. De Lëtzebuerger stoung de ganze Match iwwer um Terrain.
Fir den Eldin Dzogovic, dee beim FC Magdeburg 90 Minutten op der Bänk souz, a säi Veräin gouf et onerwaart dräi Punkte an der 2. Bundesliga géint de Favorit aus Kaiserslautern. De Kwarteng hat d’Heemekipp kuerz virun der Paus 1:0 a Féierung bruecht an den Itö hat no 66 Minutten nach op 2:0 erhéicht, wat och den Endstand war.
Den Dirk Carlson huet bei St. Pölten zwar de ganze Match géint Horn gespillt, bei him ass et awer net esou gutt gelaf. Esou krut de Lëtzebuerger no 18 Minutten eng giel Kaart a konnt och näischt géint déi zwee Goler vum Yilmaz a vum Schelle maachen.
De Gerson Rodrigues stoung beim 1:1-Gläichspill vun Al Wehda géint Al-Hilal SFC an der Startformatioun. De Lëtzebuerger Futtballer stoung quasi de ganze Match um Terrain. Hie gouf an der 86. Minutt géint den Al-Ghamdi H. A. ausgewiesselt.
D’Union Saint-Gilloise huet sech an der Halleffinall vun der Belscher Coupe misse mat 0:1 géint Royal Antwerpen geschloe ginn. Den Anthony Moris stoung wéi gewinnt am Gol vun de Visiteure, ma och hie konnt d’Defaite net verhënneren.