Internationale FuttballLeipzig klappt Freiburg am DFB-Pokal, Arsenal nees Leader an der Premier League

RTL Lëtzebuerg
Um Dënschdeg war et déi éischt Halleffinall am DFB-Pokal. Hei war Freiburg géint Leipzig ugetrueden.

Freiburg-Leipzig 1:5
0:1 Dani Olmo (13'), 0:2 Henrichs (15'), 0:3 Szoboszlai (36)’, 0:4 Nkunku (46'), 1:4 Gregoritsch (75'), 1:5 Szoboszlai

D’Sachse ware séier am Virdeel. Den Dani Olmo huet d’Verdeedegung bei Freiburg demontéiert mat engem Gol an 3 Virlagen. No den éischte 45 Minutte stounge si scho mat méi wéi engem Been an der Finale vum DFB-Pokal.

No der rouder Kaart géint den Gvardiol an der 58. Minutt koum Freiburg nees méi no vir. An der 75. war et dunn den 1:4 duerch den Greoritsch. An der Nospillzäit huet den Eelefmeter vum Szoboszlai d’Victoire vu Leipzig awer offizialiséiert. D’Sachse sti fir déi drëtte Kéier hannereneen an der Finall.

An der 2. Halleffinall ass et um Mëttwoch de Match Stuttgart géint Frankfurt.

Premier League

Arsenal-Chelsea 3:1
1:0 Ödegaard (18'), 2:0 Ödegaard (31'), 3:0 Gabriel Jesus (34'), 3:1 Madueke (65')

An der Paus war den Londoner Derby scho bal entscheet. D’Blues hu ganz passiv gespillt an hunn d’Gunners scho bal zum Schéisse vu Goler invitéiert. Réischt no 3. Gol huet sech Chelsea nees méi no vir orientéiert.

An den 2. 45 Minutte huet och Arsenal Feeler an der Defensiv gemaach. Sou konnt et an der 65. Minutt zum 3:1 duerch den Madueke kommen. Richteg aktiv sinn d’Blues duerno awer net ginn.

Mat der Victoire um Dënschdeg spréngt Arsenal nees un d’Spëtzt vun der Tabell a behält op d’mannst theoretesch d’Chance, fir nach Champion ze ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Back to Top
CIM LOGO