
Teutonia Ottensen - RB Leipzig 0:8
0:1 Werner (19'), 0:2 Werner (20'), 0:3 Silva (40'), 0:4 Werner (43'), 0:5 Silva (53'), 0:6 Forsberg (56'), 0:7 Nkunku (77'), 0:8 Dani Olmo (90')
Am éischten Tour vum DFB-Pokal ass et fir Leipzig géint den Hamburger Veräin Teutonia Ottensen gaangen. Obschonn am DFB-Pokal de Match meeschtens beim Aussesäiter gespillt gëtt, gouf en Dënschdeg am Stadion vu Leipzig gespillt. Dëst, well Onbekannter de Wues am Stadion zu Dessau, wou de Match eigentlech gespillt sollt ginn, mat enger gëfteger Substanz manipuléiert hunn.
Leipzig huet de Match géint de Véiertligist vun Ufank u kloer dominéiert. Esou stoung et scho virun der Hallschent 4:0 aus Siicht vun de Sachsen. An der zweeter Hallschent sollten nach eng Kéier véier Goler op Säite vun de Leipziger falen, soudatt Leipzig um Enn mat 8:0 géint Ottensen gewanne kann. D’Leipziger, déi hir héchste Victoire an hirer DFB-Pokal-Geschicht feiere kënnen, stinn domat an der zweeter Ronn vun der däitscher Coupe.
Southampton - Chelsea 2:1
0:1 Sterling (23'), 1:1 Lavia (28'), 2:1 Armstrong (45+1')
Southampton konnt um fënnefte Spilldag fir eng kleng Iwwerraschung suergen, andeems si doheem Chelsea mat 2:1 klappen. D’Formatioun vum däitschen Trainer Thomas Tuchel konnt relativ fréi am Match duerch e Gol vum Sterling a Féierung goen, mä de Veräin aus der südenglescher Hafestad konnt nach an der éischter Hallschent de Match duerch d’Goler vum Lavia a vum Armstrong dréinen. Domat stoung et an der Hallschent 2:1 fir d’Lokalekipp a bei dësem Resultat sollt et schlussendlech och bléiwen.
Fulham - Brighton 2:1
1:0 Mitrovic (48'), 2:0 Dunk (55', Selbstgol), 2:1 Mac Allister (60', Eelefmeter)
Den Opsteiger Fulham ka sech en Dënschdegowend iwwerdeems mat 2:1 géint d’Iwwerraschungsekipp aus Brighton duerchsetzen. D’Ekipp vun der englescher Südküst, déi virum 5. Spilldag op der zweeter Plaz am englesche Championnat stoung, muss sech domadder fir déi éischte Kéier an der Premier League Saison 2022/23 geschloe ginn, wougéint den Opsteiger aus London sech iwwert seng zweete Victoire am Championnat freeë kann.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Sassuolo - AC Mailand 0:0
Fir den aktuellen italieenesche Meeschter aus Mailand ass et en Dënschdeg zu Sassuolo net iwwert en 0:0-Remis erausgaangen. Dobäi huet den AC Mailand sech ferm op d’Hëllef vun hirem Golkipp misse verloossen. An der 22. Minutt krut Sassuolo en Eelefmeter vum Arbitter accordéiert, mä de Maignan am Gol vun de Mailänner konnt den Eelefmeter vum Berardi paréieren. Doropshi konnt keng Formatioun méi dem Spill de Stempel opdrécken, soudatt um Enn en 0:0 steet. Mailand huet domadder saisonsiwwergräifend zënter 20 Matcher net méi verluer.
Inter Mailand - US Cremonese 3:1
1:0 Correa (12'), 2:0 Barella (38'), 3:0 Martinez (76'), 3:1 Okereke (90')
Inter Mailand setzt sech souverän mat 3:1 géint den Opsteiger US Cremonese duerch. Obschonns de Veräin aus Cremona gutt matgespillt huet, hunn d’Spiller vun Inter d’Heft relativ fréi an d’Hand geholl a probéiert, de Match zu hirem Gonschten z’entscheeden. Esou stoung et an der Paus schonn 2:0 fir d’Nerazzurri. An der zweeter Hallschent huet d’Lokalekipp näischt méi ubrenne gelooss, soudatt et um Enn 3:1 steet.